VIDEO: FMI JoresrapportEt ass gut déi lescht Joeren zu Lëtzebuerg geschafft ginn

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Businessmodell huet dem Land gutt gehollef, d'Prognose bleiwe favorabel, mä Risike bestinn: Sou gëtt den aktuelle Kontext resuméiert.
FMI Joresrapport
De Lëtzebuerger Businessmodell huet dem Land gutt gehollef, d'Prognose bleiwe favorabel, mä Risike bestinn: Sou gëtt den aktuelle Kontext resuméiert.

Net grad 40 Reuniounen, déi lescht zwou Wochen iwwer mat Vertrieder aus dem ëffentlechen an dem Privatsecteur: Dat war de Menü vun enger Delegatioun vum Internationale Wärungsfong, déi dëser Deeg fir hir jäerlech Missioun am Grand-Duché war.

FMI Joresrapport - Reportage Eric Ewald

Déi 4 Experten vu Washington, déi gëschter Mëtten am Finanzministère virun d'Press getruede sinn, hunn an hirer Zäit hei am Land deem seng ekonomesch a finanziell Entwécklung analyséiert. Hire Fazit ass positiv ausgefall, woubäi een awer op deen een oder anere méigleche b-moll oppasse misst.

Déi lescht Joren iwwer ass gutt zu Lëtzebuerg geschafft ginn, betounen d'Fachleit an hire Konklusiounen, déi 5 Säiten déck sinn. D'Leit vum Internationale Wärungsfong hu virop de staarken ekonomesche Wuesstem opgezielt, d'Croissance vun der Beschäftegung an e Chômage, dee bal op e Rekordniveau gefall wär. An och d'Aussiichte fir déi no Zukunft si gutt, wann een den IWF-Leit gleewe kann, obwuel Risike bleiwen, wéi z.B. de weltwäite Wuesstem, dee méi schwaach ausfale kéint wéi erwaart, en eventuellen haarde Brexit a Changementer, wat déi international Steierreegelen ugeet.

De Lëtzebuerger Businessmodell huet dem Land gutt gehollef, d'Prognose bleiwe favorabel, mä Risike bestinn: Sou gëtt den aktuelle Kontext resuméiert. Ënnert dem Titel „Erhale vu Steierpolsteren“ geet dovu Rieds, dass déi virgesinne Steiermesuren appropriéiert, mä d'Käschten dovun nach ze determinéiere sinn. D'Belaaschtbarkeet vum Finanzsecteur géint Schocke misst och verbessert ginn, an et di sech nei Defie fir deen op.

E wichtegt Kapitel ass dat iwwert d'Strukturreformen. A punkto Pensiounssystem ginn déi appreciabel Reserven ervirgehuewen, awer och, dass de System an enger Generatioun ënner Drock gerode kéint. D'Reform vun 2012 wär e Schrëtt an déi richteg Richtung gewiescht, mä weidert Handelen néideg. Wat de Wunnengsmaart betrëfft, misst de Bau vu Sozialwunnengen ugekierpt a missten d'Gesetzer a Saachen Urbanismus geännert ginn. Um Aarbechtsmaart da läit de Prozentsaz vun eelere Leit, déi nach schaffen, wäit ënnert dem EU-Duerchschnëtt, an Ureizer, fir méi fréi an d'Pensioun ze goen, sollten no an no ofgebaut ginn. Zu den ëffentlechen Investitioune war et um Enn de Virschlag, fir d'Ausgaben héich.

Back to Top
CIM LOGO