Première mat 74Et ass ni ze spéit fir ze léieren ... dat beweist de Paul Kimmes

RTL Lëtzebuerg
Hie wollt an der Pensioun eppes Neies maachen a war schonn ëmmer begeeschtert fir Sproochen.
Première mat 74
Et ass ni ze spéit fir ze léieren ... dat beweist de Paul Kimmes

Kuerzerhand huet hie sech fir Owescoursen am Russeschen an am Latäin am Kolléisch ageschriwwen. Ma dat war nach net genuch fir de Pensionär.

Dat Joer drop mellt hie sech un, fir an Owescourse seng Première nozehuelen. A 6 Joer hëlt hien d’Klasse vu 4ième bis 1ère no an dëse Juli war et endlech souwäit.

Op der Diplomiwwerreechung vum Kolléisch ass hien zesumme mat 168 Schüler a Schülerinnen offiziell zum Primaner ginn an dat huet de ganzen Sall mat „Standing Ovation“ nëmme fir hien, gefeiert.

Enn de 50er Joren huet de Paul Kimmes de Lycée ofgebrach, fir duerno an den ECG ze goen a spéider seng Carrière op enger Bank zu Lëtzebuerg ze maachen. Zäit fir weiderzeléieren, hat hien do net. Mä säi Wëllen, ze léieren ass awer nach laang net gebrach.

Fir d’Rentrée geet et nees weider mat Russesch a Latäin.

Back to Top
CIM LOGO