Invité vun der Redaktioun (26. Februar) - Martine HansenEt ass un der Zäit, sech op d'Politik ze besënnen

François Aulner
En Dënschdeg de Moie war d'CSV-Fraktiounscheffin eis Invitée vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Martine Hansen
En Dënschdeg de Moie war d'CSV-Fraktiounscheffin eis Invitée vun der Redaktioun.

"Ech fannen net, dass eise Parteipresident an der Fraktioun net acceptéiert wier". Dat sot d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen en Dënschdeg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

De Frank Engel hätt e kloert Resultat um Kongress gemeet, an d’Fraktioun géif och kloer mat him zesumme schaffen.

Hien wier responsabel fir d’Partei, an d’Martine Hansen selwer fir d’Fraktioun, mä et wier en Zesummespill.

Zu de Kritiken, déi de Serge Wilmes d’lescht Woch bei eis op der Antenn a Richtung Frank Engel gemeet hat, sot d’Martine Hansen, dass si sech sécherlech anescht ausgedréckt hätt, mä d’CSV wier eng grouss an demokratesch Partei mat ville Memberen, a wou vill Mënsche sinn, do géif et eben och mol Zitat : „mënschelen“.

Et wier ganz sécher och net esou, dass et do Leit an der Partei oder an der Fraktioun ginn, déi probéiere géifen, de Frank Engel ze manipuléieren.

Et hätt een eng Wal gehat, fir de Partei-Virsëtz mat zwee Kandidaten, an d’Resultat wier kloer. Lo wier et un der Zäit sech op d’Politik ze besënnen, a fir d’Leit ze schaffen, mat enger konsequenter Oppositiounspolitik, sou nach d’Martine Hansen.

Bis ewell wier iwwerdeems nach net kloer mat wéi enge Kandidaten d’CSV wäert an d’Europawale goen. Wann d’Lëscht bis fäerdeg wier, géif de Parteipresident ze presentéieren. Kloer wier just, dass de Christophe Hansen ee vun de Kandidaten ass, huet d’Martine Hansen duerchblécke gelooss.

En Dënschdeg de Moie war d'CSV-Fraktiounscheffin eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO