Ee Secteur, dee vill gelidden huet déi lescht zwee Joer, ass dee vun de Restauranten a Cafetieren. Hir Intressevertriedung Horesca hat e Méindeg Generalversammlung an natierlech waren do d’Pandemie, d’Lounkäschten an d’Tripartite-Accorden, grad ewéi d’Hausse vun den Energie- a Liewensmëttelpräisser, zentral Themen.
Ideaalt Terrassewieder huet vill Clientë gelackelt déi lescht Deeg, wéi och de leschte Summer. Begréisst goufen och d’Pandemie-Aiden, mee lo sinn d’Restaurateuren ëm de Knuedler mat enger anerer Lëtzebuerger Kränkt geplot: de Schantercher. Ganz lues leeft iwwerdeems d’Geschäft mat den Touristen an awer och de lokale Konsum, well grad och d’Lëtzebuerger Clientë komme manner dacks.
“Leit, déi soss véier bis fënnef Mol de Mount komm sinn, kommen haut nach dräi Mol. Dat heescht allgemeng eng Tendenz do, wou de Konsument seet: ‘Meng Energiekäschte ginn därmoossen a Luucht, ech muss dat iergendwéi bezuelen. Da gi mir eng Kéier manner iessen’”, sou de François Koepp vun der Horesca.
De Client spuert an d’Betriber misste méi deier akafen. Eleng de Präis fir d’Fleesch wier iwwer 30 Prozent geklommen an dat an Zäit vun dräi Méint. D’Hausse générale léich bei 18 Prozent, sou nach de Generalsekretär vun der Horesca.
Duerch dës Hausse géif ee kaum nach dolaanscht kommen, fir dës un de Client weiderzeginn, och wann d’Versteesdemech dacks feelt.
D’Margë wiere souwisou relativ niddereg. D’Leit géingen dat net ëmmer verstoen an et géing een dann dacks héieren, datt ee fréier 40 Frang fir e Mini bezuelt hätt. Dat wier haut leider net méi méiglech, well wa vun de Brauereien de Präis géing an d’Luucht gesat ginn, da misst een nozéien, fir nach rentabel ze schaffen, sou de Wiert vum Bistro “Beim Renert” Pepe Busca.
Dofir gëtt begréisst, dass et dëst Joer just eng Indextranche gëtt. Mä bannent 12 Méint wäerten et trotz allem wuel dräi Erhéijunge sinn: D’Indextranche am Abrëll, méi wéi sécher de Mindestloun am Januar, an dann déi nächst Indextranche am Abrëll 2023. Dat wär fir den Horeca-Secteur bal net ze maachen, sou de François Koepp vun der Horesca.
Dass et awer grad och fir d’Personal schwéier ass, wëssen d’Patronen och. Trotz allem hält een zesummen an hofft op definitiv besser Zäiten.