SozialpartnerEt bleiwe vill Onsécherheete bei der Inflatioun

Jean-Marc Sturm
D'Inflatioun klëmmt a klëmmt. Do muss ee sech d'Fro stellen, ob d'Betriber dat packen.
© Shutterstock

Fir de President vum Daachverband vun de Betriber UEL, de Michel Reckinger, ginn et nach vill Ongewëssheeten.

“Dat ass an der Tripartite diskutéiert ginn, wou mir gesot hunn, mir maachen eis elo Gedanken iwwer 2022/23 bis den Abrëll 2024 an duerno, jee nodeem, wéi d’Situatioun ass, well och haut wësse mir net, wéi laang de Krich wäert daueren, wéi laang de Lockdown a China wäert daueren. Dat ka ganz séier - hoffentlech - gutt ginn, awer dat kann och daueren an déi Gedanke musse mir eis da maachen, wa mir do stinn. Ech mengen, et huet kee Wäert fir elo an eng Panik ze verfalen, fir elo Decisioune wëllen ze huele fir eppes, wou mir nach 2 Joer Zäit hu bis mir dohinner kommen”, sou de Michel Reckinger.

Vill Onsécherheete bei der Inflatioun / Rep. Jean-Marc Sturm

Dass de Wirtschaftsminister Franz Fayot mat der Ausso kënnt, dass nom Oflafe vum Tripartiteaccord bis zu 3 Indextranchë beieneen erfalen, wier de Kapp wäit aus der Fënster gestreckt, seet d’OGBL-Presidentin Nora Back. Den OGBL wëll op alle Fall trotz Desaccord bei den nächsten Tripartitten derbäi sinn.

“Dat ass oséiert dat haut ze behaapten, well lo war et jo schonn e Problem, eng Indextranche am Abrëll an eng am August ausbezuelen ze loossen a mir ginn dann awer esou wäit, dass am Abrëll 2024 all Tranchen op ee Coup kommen, dann eventuell eng Lounerhéijung vu 7,5%, wann et 3 Tranchë sinn, fir alleguerten déi schaffend Leit an déi Pensionéiert hei am Land. Ech mengen do gleeft kee méi wierklech drun. Zemools, passt zu enger Regierung, déi ëmmer gesot huet ‘mir ginn net un den Index’ an et elo awer mécht”, huet d’Nora Back ënnerstrach.

Dem Patronat mécht virun allem d’Hausse vun der Matière-première Suergen, déi een net 1:1 op de Client kéint weiderginn, esou de Michel Reckinger. Et wäerten awer Haussë bei de Präisser ginn: “D’Inflatioun, déi mir bei de ‘Rohmaterialien’ gesinn oder bei den Tëscheprodukter, déi ass europawäit haut bei 20%. Den Index, den ‘Erzeugerpreisindex’. An den Endverbraucherindex, dat ass deen, deen elo europawäit bei 5-6% ass. Mä do gesäit een, dass do bei de Betriber scho Saachen ukomm sinn, déi iergendeng Kéier an den nächste Méint och wäerten an hir Endproduiten iwwergoen.”

Fir d’Betriber sinn et Zäiten, déi schwéier previsibel sinn. Den Ament géife vill Entreprisen der Nofro net méi nokommen, well et u Matière-première feelt. Do géif ee virun allem vum Ausland ofhänken.

Am RTL-Interview huet den LCGB-President Patrick Dury betount, datt sech d’Regierung an d’Sozialpartner nach emol missten un den Dësch sëtzen, wann eng weider Indextranche misst verréckelt ginn. Méi dozou kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO