
Wann een a Quarantän war, däerf een eréischt zeréck an d'Schoul mat engem negativen Test. Dee kann ee fréistens um 6. Dag nom leschte Kontakt maachen. Geet een net an den Test, gëtt d'Quarantän ëm 7 Deeg verlängert.
Zu Schëffleng, wou et jo virun der Vakanz eng ganz Rei Fäll gouf, fänkt d'Schoul eréischt e Mëttwoch nees un. Dëse Méindeg an Dënschdeg ass Homeschooling an all d'Schüler an d'Léierpersonal kënne sech dëse Méindeg teste loossen.
Et däerf een dann och e Mëttwoch just an d'Schoul, wann een negativ getest ass.