Vun e Sonndeg unEt gëllen nees Areesrestriktioune fir Lëtzebuerger fir an Däitschland

Anne Wolff
Den RKI hat Lëtzebuerg jo dës Woch als Héichrisikogebitt aklasséiert.
Areesrestriktioune fir Lëtzebuerger fir an Däitschland
Den RKI hat Lëtzebuerg jo dës Woch als Héichrisikogebitt aklasséiert.

Wat dat an der Praxis heescht?

Zanter Mëtternuecht steet och de Grand-Duché nieft gutt 100 aner Staaten nees op der Risikolëscht vum Robert Koch Institut. Fir op där Lëscht ze landen, ginn et e puer Critèren:

Entweder et sinn net genuch Donnéeën iwwert d‘Situatioun do oder awer d‘Inzidenz ass däitlech méi héich wéi déi däitsch Chifferen. Eis Inzidenz ass am Moment bal 4 Mol esou héich wéi déi an Däitschland.

Muss ee sech also erëm op Zeene wéi aus dem Fréijoer 2020 astelle mat Grenzkontrollen a gespaarte Stroossen?

Mir fuere bei d‘Noperen op Tréier kucken

Op der A1 ass et roueg, op der Grenz zu Waasserbëlleg keng Spuer vun enger Kontroll wäit a breet.

Tréier:

Um Sonndeg ass och hei net vill lass. Mir treffen den Eric Naunheim, Proprietär vun en engem Restaurant am Zentrum. Déi permanent Reegelännerunge suergen hei fir manner Gäscht, erzielt hien. Aus Lëtzebuerg kéime manner Leit, well se net genee wéisste, wéi eng Regele fir si gëllen. Den Héichrisiko-Status vu Lëtzebuerg spillt awer fir d‘Gastronomie keng Roll: Déi aktuell Reegele fir d‘Gastronomie si fir Lëtzebuerger an Tréirer déi nämmlecht.

Fir zréck maache mir e kléngen Detour iwwert d‘Landstrooss. Och zu Wasserbilligerbrück ass näischt ze spiere vum neien Héichrisikostatus. Et ginn also keng fix Kontrollen un der Grenz.

Wien an Zukunft hannert der Grenz ugehal gëtt, muss op e puer Saachen oppassen:

Fir iwwert d‘ Grenz gëllt neierdéngs den 3G an dat vu 6 Joer un: geimpft, retabléiert oder zertifiéierten Test. Bei der Impfung ginn déi 2 Dosen awer duer. Net-geimpfte Frontaliere brauchen 2 Tester d‘Woch.

Wee méi laang wéi een Dag an Däitschland bleiwe wëllt, muss eng digital Deklaratioun ausfëllen.

Ouni Impf-oder Retabléierten-Zertifikat kommen nach op mannst 5 Deeg Quarantän dobäi. Duerno kann ee sech teste loossen.

Alles kloer? Da steet engem Ausfluch bei d‘Nopere jo näischt méi am Wee

Back to Top
CIM LOGO