Kriibs bei Kanner"Et gëtt ëmmer Hoffnung"

Sarah Cames
Kriibs bréngt ee meeschtens mat eelere Leit a Verbindung. An awer gëtt et all Joers och zu Lëtzebuerg kleng Patienten, déi d'Diagnos gestallt kréien.
© Sarah Cames / RTL

D’Dr. Cathy Scholtes ass spezialiséiert op Blutt- an Tumorkrankheete bei Kanner a schafft zanter engem Joer beim CHL am Kannerkriibszentrum SNOHP. Wat de Kriibs bei Kanner vun enger Diagnos bei Erwuessener ënnerscheet a wéi eng Statiounen déi jonk Patienten duerchlafe mussen, erzielt si eis am Interview.

Ronn 25 bis 30 kleng Patiente gi pro Joer am Kannerkriibszentrum an der Stad behandelt. “Dat heefegst bei de Kanner si Leukemien, also Bluttkriibs, an do virun allem déi lymphatesch Leukemie.”Déi ka scho bei Kanner vun engem Joer virkommen, trëtt awer och am Jugendalter op. Am zweetheefegste sinn et Gehiertumoren, déi bei Kanner diagnostizéiert ginn. “Déi sinn heefeg bei klenge Kanner, mee och do gesäit een et bis an den Erwuessenenalter”, erkläert d’Dr. Cathy Scholtes.

Eng Kriibsdiagnos bei engem Kand ass allerdéngs nach laang keen Doudesurteel.“An der Kanneronokogie ass d’Prognos immens gutt.”Et hätt een hei Heelungschancen, vun deenen Dokteren an der Onkologie fir erwuesse Patienten nëmmen dreeme kéinten, seet d’Doktesch vum CHL.

“Wann een dat elo pauschal kuckt, da schwätzt ee wierklech vu 75 bis 80 Prozent Heelungschance. Dat hänkt awer natierlech och am Eenzelen dovun of, woumat een et genee ze dinn huet an a wéi engem Stadium de Kriibs ass.”

Liest hei eisen Sonndesinterview, fir dee mir mat enger betraffener Famill geschwat hunn.

Eng Diagnos, déi d’Liewe verännert

An trotzdeem: Den Eltere vun engem klenge Kand esou eng Diagnos ze iwwerbréngen, bleift eng Saach, bei där een net just immenst Fangerspëtzegefill brauch, mee fir déi een och ganz däitlech Wierder fanne muss, esou d’Dr. Cathy Scholtes: “Et ass wichteg, datt ee ganz kloer bleift an net ronderëm de Bräi schwätzt. Et muss een d’Krankheete beim Numm nennen. Et muss een d’Wuert “Kriibs” soen. D’Eltere wëllen dat natierlech net héieren oder realiséieren an dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt ee kloer Wierder fënnt, fir datt et keng Mëssverständnesser gëtt.”

A ville Fäll wier et awer och esou, datt d’Elteren d’Diagnos scho komme gespuert hunn. Fir déi wier et da scho bal eng Erliichterung - mat enger Diagnos kann een natierlech dann och d’Behandlung an Ugrëff huelen. “Et bréngt näischt, enger Famill d’Hoffnung ze huelen, well et gëtt ëmmer Hoffnung.”Et géif esou gutt wéi ni Fäll ginn, wou een denkt, do kann een näischt méi maachen.

Mat de Kanner a mat hiren Elteren ze schaffen, ass fir d’Dr. Cathy Scholtes eppes ganz Besonnesches. “Grad an der Onkologie léiert ee seng Patienten an d’Famillen natierlech immens gutt kennen, well mir ee laange Suivi hunn a si laang begleeden.”Doduerch, datt ee manner Patienten huet wéi an der Onkologie fir Erwuessener, kéint ee sech och méi Zäit fir si huelen.

“Dat ass och wichteg, well et huet een et net nëmme mat de Patienten ze dinn, mee och mat den Elteren an hiren Ängschten a Froen.”

© Sarah Cames / RTL

Op der anerer Säit géif et natierlech och ëmmer nees emotional schwéier Fäll ginn, esou d’Doktesch. “Grad wann ee Patienten duerch den éischten Diagnostik begleet huet a se a Remissioun waren. Wa se dann eng Rechute hunn an een den Elteren an dem Patient dat muss soen, dat ass ëmmer ganz ganz haart.” Mat all Rechute huelen d’Heelungschancen of - do muss ee sech dann och op dat Schlëmmst preparéieren. “Mir hunn eben och Patienten, déi mer an der Rechute verléieren. Déi begleet een dann oft och, bis se verstierwen an deelweis d’Famill nach doriwwer eraus. Dat hëlt een natierlech mat Heem an un déi Patienten denkt een och nach jorelaang duerno.”

Dat hëlt een natierlech mat Heem an un déi Patienten denkt een och nach jorelaang duerno.

De psychologesche Volet wier hei fir d’Elteren a fir d’Kanner natierlech och extrem wichteg, betount d’Hemato-Onkologin. “Dat muss een heiansdo och de Familljen e bëssen opdrängen. Si sinn am Ufank nëmmen am Kathastrophëmodus a probéieren, ze geréiere wat se kënnen. Se vergiessen dacks, no sech selwer an no den eegene Ressourcen ze kucken.”

Déi éischt fënnef Joer sinn déi kriteschst, wat d’Rechute ugeet. Mä och duerno brauchen d’Patienten nach e liewenslaange Suivi. D’Nieweneffekter vu Chemo a Bestralung kënnen och Joren no der Behandlung nach optrieden. “Eis Patiente solle jo nach 60, 70 Joer liewen no hirem Diagnostik. Dowéinst gëtt et och en Interêt, verschidden Therapien ze de-eskaléieren an net just ze soen ‘Vill hëlleft vill.’” Allgemeng géifen d’Kanner d’Kriibstherapien awer besser verdroe wéi Erwuessener, déi villäicht schonn eng Rei aner Kränkten haten oder hunn.

De Kannerkriibszenter vum CHL soll ausgebaut ginn

Am Kannerkriibszenter vum CHL kann aktuell nach net all Pathologie komplett behandelt ginn. Fir eng Rei Traitementer muss een nach an d’Ausland, zum Beispill a spezialiséiert Zentren zu Bréissel, Paräis an zu Homburg am Saarland. “Mir probéieren, den Diagnostik hei ze stellen, an dann unhand vum Diagnostik d’Elteren ze orientéieren. A wann et en Transfert an d’Ausland ass, da geet dat och meeschtens no de Sproochekenntnisser vun der Famill”, erkläert d’Doktesch.

Wéi héich den Taux vun de Kanner ass, déi zu Lëtzebuerg kënne behandelt ginn, variéiert staark. “D’lescht Joer konnte ganz vill vun de Patiente komplett zu Lëtzebuerg behandelt ginn, tëscht 70 an 80 Prozent. Fir d’Elteren ass dat natierlech entlaaschtend, net déi laang Trajete mussen ze maachen.” 2021 hätt een dogéint méi Leukemie-Patiente gehat, déi an der Reegel och méi dacks ausserhalb vu Lëtzebuerg traitéiert musse ginn. “Do ass et da komplett ëmgedréint, do waren da just eng 30 Prozent vun de Patienten hei.” En Transfert an d’Ausland géif awer nach laang net heeschen, datt een d’Patienten duerno net méi géif erëmgesinn. “Mir hu gutt Kooperatiounen, esou datt dertëscht och Behandlungen zu Lëtzebuerg kënne gemaach ginn.”

Der Dr. Cathy Scholtes ass et wichteg, datt Kanner, déi zu Lëtzebuerg d’Diagnos Kriibs kréien, all eng Kéier duerch den Zenter am CHL passéieren - och wa fir d’Kanner en Traitement am Ausland virgesinn ass. Esou kennt een d’Patiente schonn, wa se awer emol an den CHL opgeholl musse ginn. Och kann een Infrastruktur a Personal just da richteg plangen, wann ee genee weess, wéi vill kleng Kriibspatienten et am Land ginn.

Dat ass och en vue vum geplangten Ausbau vum Kannerkriibszenter net onwichteg. Den Ament ginn et am CHL nieft der Dagesklinik an dem ambulanten Volet zwee stationär Zëmmeren. Eent, wou d’Kand keimfräi isoléiert ka ginn, an ee Standard-Zëmmer, wou och zwee kleng Patiente Plaz fanne kënnen. Geplangt ass awer ee Service, dee komplett op pediatresch Hemato-Onkologie spezialiséiert ass. Dr. Cathy Scholtes hofft drop, datt dat bannent den nächsten zwee Joer Realitéit wäert ginn.

Back to Top
CIM LOGO