
D’Gewerkschaft kritiséiert, datt den Educatiounsministère et verpasst hätt, präzis an eenheetlech Kritären a Bezuch zur Bewäertung, zu de Leeschtungsufuerderungen, zur Promotioun an zur Ëmsetzung vun der Reform ze formuléieren. Sou wier dat den eenzele Schoulen iwwerlooss, wat dozou géing féieren, datt jee no Schoul aner Konditiounen an Ufuerderunge gëllen. Deemno gëtt et de facto keng Chancëgläichheet, sou den SEW/OGBL.