Industrie-Tripartite"Et gëtt keng generell Kris am Secteur vun der Industrie"

Maxime Gillen
Jeannot Ries
Dat ass eegenen Aussoen no dee wichtegste Constat, deen e Mëttwoch de Mëtteg bei der Industrie-Tripartite vun allen Acteure gemaach gouf.
"Et gëtt keng generell Kris am Secteur vun der Industrie"
Dat ass eegenen Aussoen no dee wichtegste Constat, deen e Mëttwoch de Mëtteg bei der Industrie-Tripartite vun allen Acteure gemaach gouf.

D’Ëmfeld wier wéinst den héijen Energiepräisser an de Probleemer an de Liwwerketten allgemeng schwiereg, allerdéngs net nëmmen zu Lëtzebuerg. D’Ursaache fir de Plazenofbau bei den 3 Entreprisë wieren deemno och ganz individuell. Wichteg wier allerdéngs, déi qualifizéiert Leit, déi elo hir Aarbechtsplaz verléieren, éischtens hei am Land an zweetens an der Aarbecht ze halen, oder hinnen eng méi fréi Pensioun ze erméiglechen. Dofir géif och bei der Adem en Effort gemaach ginn, fir déi Leit nei ze orientéieren. Fir allgemeng de Bols vum Secteur ze fillen an am A ze behalen, soll am Konjunkturcomité reegelméisseg de Point vun der Situatioun gemaach ginn.

Eng aktiv Industrie-Politik bedreiwen

“Lëtzebuerg muss eng aktiv Industrie-Politik bedreiwen. An deene Beräicher, wou d’Zukunfts-Technologië sinn. Wou d’Produkter vu Muer hiergestallt ginn”, sou den Direkter vun der FEDIL René Winkin am Numm vun de Vertrieder vun der Industrie. Net méi spéit ewéi en Dënschdeg gouf et Gespréicher mat der EU-Kommissioun, dat am Kader vum “Net Zero Industry Act”.

“Do gëtt et eng Iddi, fir zu Lëtzebuerg eng sougenannt ‘Green Valley’ ze maachen. Dat heescht wou mer eng Plaz fannen, wou mer all déi Betriber, déi am Beräich vun deenen ‘Cleantech’, dat heescht erneierbar Energien zum Beispill, awer och aner änlech industriell Betriber kënnen usidelen, unzéien. An dann natierlech och mat eiser Recherche zesummebréngen. Ma et ass richteg, mir mussen eis ganz kloer diversifiéieren”, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Eng vun de Pisten, fir déi den Ament 30.000 Aarbechtsplazen an der Industrie hei zu Lëtzebuerg kënnen an der Vitrinn ze halen, sou den Direkter vun der FEDIL René Winkin.

PDF: Offiziellt Schreiwes Tripartite

Back to Top
CIM LOGO