EechepressessiounsraupEt gëtt nach keen nationalen Aktiounsplang, esou Dieschbourg a Schneider

RTL Lëtzebuerg
Mir haten ewell méi dacks rieds iwwer Parken a Bëscher, wou den Accès wéinst der Eechepressessiounsraup gespaart gouf.

Eng Zort Päiperlek, deem seng Hoer kënnen zu penibelen Haut-Allergien oder esouguer Asthma beim Mënsch féieren, deen domat a Beréierung kënnt an deen eng Reaktioun drop mécht.

En nationalen Aktiounsplang gëtt et awer nach keen an ass eréischt am gaangen, ënnert der Leedung vum Gesondheetsministère ausgeschafft ze ginn, dat äntweren d'Ministeren Dieschbourg a Schneider op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Yves Cruchten.

PDF: Äntwert vum Carole Dieschbourg an Etienne Schneider op eng parlamentaresch Fro vum Yves Cruchten

Back to Top
CIM LOGO