
Dat sinn 10% méi ewéi am éischte Semester d’lescht Joer, sou d’Kreditreform en Dënschdeg an engem Communiqué. Et wier een zwar nach ënnert dem Niveau vum Ufank vun der Covid-Kris, mee et wier eng däitlech Hausse also elo festgestallt ginn. D’Hausse vun der Zuel un neie Faillitte wier am héchsten am Bausecteur. De Secteur, wou et am meeschte Faillitte ginn, bleift awer de Secteur vun de “Servicen”.
D’Metzler- an Traiteur-Chaîne Brill oder Caso do Brill huet iwwregens en Dënschdeg matgedeelt, datt se leider muss hir 7 Geschäfter hei am Land zoumaachen. All aner Aktivitéite wéi Liwwerungen halen och op. Brill gouf et 37 Joer laang.