ParquetEt gouf eng Enquête préliminaire am Dossier "Science Center" opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Dat huet e Spriecher vun der Justiz op RTL-Nofro matgedeelt.

Zu dësem Ament ginn et keng Prezisiounen, wéi eng Personne morale oder physique vun der Enquête viséiert ass an och net wéinst wéi engem Ufanksverdacht.

Den Educatiounsministère huet allerdéngs géintiwwer RTL ënner anerem gesot, datt een e Signalement beim Parquet gemaach hätt, well déi privat Firma GGM11 vum ScienceCenter-Dirigent Nicolas Didier keng valabel Autorisatioun d’établissement huet.

Déi Firma huet Aarbechte fir d’ASBL Science Center duerchgefouert, déi Millioune Subventiounen vum Educatiounsministère kritt huet. Dëse potenzielle Conflit d’intérêt vum Nicolas Didier an aner Probleemer wéi déi ofgelafen Autorisatioun waren duerch Recherchen vun der Online-Zeitung Reporter virun e Wochen public ginn.

De Ministère des Classes moyennes huet RTL géintiwwer confirméiert, datt d’Firma GGM11 zanter Enn August lescht Joer keng valabel Autorisatioun méi huet.

Back to Top
CIM LOGO