Inneministesch confirméiertEt gouf Probleemer bei der Bréifwal, fir Enveloppen aus dem Ausland ze schécken

RTL Lëtzebuerg
Verschidde Wieler, déi am Ausland liewen, hate Problemer, fir hire Walbulletin zeréck op Lëtzebuerg ze schécken.

Goufen et Probleemer bei der Bréifwal, fir d’Enveloppen aus dem Ausland zeréck op Lëtzebuerg ze schécken? Dat wollt de Pirat Sven Clement an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn. Jo! Confirméiert d’Inneministesch Taina Bofferding.

D’Post huet eng Konventioun mam Staat an huet an deem Numm eng Informatioun un d’Postoperateure weltwäit geschéckt, fir si iwwer d’Prozedur z’informéieren. D’Gemengen iwwerhuele jo d’Fraise fir de Retour vun der Bréifwal. Dovunner hu 96 Gemenge fir den Envoi-Réponse optéiert an déi aner 6 fir Coupons-réponse internationaux.

Eng Gemeng hätt net genuch Coupons-réponse bäigeluecht an an dräi anere Fäll, zwee Mol an Éisträich an ee Mol an England, hätten et och Problemer gi mam Acceptéiere vun de Coupons-réponse oder dem Retour vun de gielen Enveloppen.

D’Post huet an deene Fäll d‘Autoritéite kontaktéiert. Well et déi Problemer schonn an der Vergaangenheet gouf, freet sech de Sven Clement, ob een et net einfach esou kéint maachen, dass d’Leit d’Bréiwer un d’Ambassaden aus dem jeeweilege Land schécken. Dat wier awer keng Optioun, sou d’Inneministesch.

Back to Top
CIM LOGO