Zéisseng a WolzEt goufen e puer Abréch an de leschte Stonne gemellt

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf en Donneschdeg den Owend géint 21.40 Auer an e Wunnhaus an der rue Ausone zu Zéisseng agebrach.
© RTL

D’Täter sinn an d’Haus erakomm an hunn e puer Géigestänn matgoe gelooss, iert se fortgelaf sinn.

An der Nuecht op e Freideg gouf an en Eefamilljenhaus an der Rue du Genet zu Wolz gemellt. Hei haten déi Onéierlech sech Zoutrëtt an d’Haus verschaaft, Schief duerchwullt a si mat enger Partie Bijoue fortgelaf.

A béide Fäll goufe Spueren op der Plaz geséchert an Ermëttlungen ageleet. Wéi ee sech als Bierger präventiv virun Abréch schützt, fannt fir hei, um offizielle Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO