ArnaqueEt goufen nees falsch Mailen am Numm vum Police-Generaldirekter verschéckt

RTL Lëtzebuerg
Zënter dem Weekend ginn der Police nees eng ganz Partie Fäll gemellt, bei deene Privatpersounen esou Spam-Maile kréien.

An dëse Maile gi Privatpersounen am Kader vu strofrechtlechen Ermëttlungen via Mail vum Generaldirekter vun der Lëtzebuerger Police, respektiv der auslännescher Police kontaktéiert. Dobäi handelt et sech natierlech ëm gefälschte Mailen, déi net vun der Police verschéckt goufen.

An de leschten 3 Deeg gouf d’Police iwwer 200 Mol am Kader vun dëse Spam-Maile kontaktéiert.

D’Police betount nach eemol kloer, dass et sech bei dëse Mailen ëm eng Arnaque handelt an d’Police net op esou eng Manéier mat Privatpersounen a Kontakt trëtt.
Persounen, déi esou e Mail kréien, sollen net op den Inhalt vun der Mail agoen, ignoréieren, a läschen.

RTL Faktencheck: Sou erkennt Dir Bedruch am Internet

Back to Top
CIM LOGO