
An dat fir Leit, déi bis ewell zwou Dosisse Moderna a Biontech-Pfizer kruten, respektiv och fir Mix-Imfpunge mat AstraZeneca an Johnson&Johnson.
Wann et un engem sengem Tour ass, kritt ee weiderhi vun der Santé eng Invitatioun geschéckt.
Leit déi positiv getest goufen, kënnen hire Booster eréischt ee Mount nom positive PCR-Test kréien.
Detailer, och iwwert d’Rendez-vousen, fënnt een op impfen.lu
Vun dësem Méindeg un ass dann och den Impfzenter an den Hale vun der Luxexpo hei um Kierchbierg nees op, an zwar reng fir Booster-Vaccinatiounen. Zanter dem 20. Dezember konnt ee sech schonns hei fir e Rendez-vous umellen.
An der LuxExpo ass jo zanter elo enger Woch och den Impfzenter ënnerbruecht, dee virdrun an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg war, an do wéinst Problemer mam Plaffong hat musse plënneren.