
Et wier eng iwwerluechten Decisioun. Reese géif méiglech bleiwen, awer méi sécher ginn fir de Passagéier. Lëtzebuerg wier nämlech keng Insel. Dat sot de Gilles Feith, Generaldirekter vun der Luxair, am RTL-Moiesjournal.
Leit, déi nieft dem Vol och den Hotel bei der Luxair gebucht hunn, ginn am Fall vun enger Quarantän vun der Airline en Charge geholl.
Leit, déi den Hotel awer separat gebucht hunn, misste selwer kucken, datt se eens ginn. De Luxair-Generaldirekter huet erkläert, datt een elo am Gaange wier, déi nei Dispositiounen ëmzesetzen. Dat mat Dokteren op der Plaz, jee no Destinatioun sinn och Tester an den Hoteller méiglech oder d'Passagéier kréien Tester mat op de Wee.
D'Luxair wier och ganz strikt. Et kéim keen an de Fliger, dee keen negativen Test huet, ënnersträicht de Gilles Feith. D'Leit géifen op alle Fall nach ëmmer gären an d'Vakanz fléien. D'Kanaren an Dubai wieren zum Beispill nach ëmmer ganz vill gefrot.