E fléisst rëmEt kënnt nees Kerosin um Lëtzebuerger Fluchhafen un

Monica Camposeo
Pit Everling
Wéinst dem Héichwaasser war d'Nato-Pipeline, déi de Findel versuergt, bei Bitburg liicht beschiedegt ginn.
Et kënnt nees Kerosin um Lëtzebuerger Fluchhafen un
Wéinst dem Héichwaasser war d'Nato-Pipeline, déi de Findel versuergt, bei Bitburg liicht beschiedegt ginn.

Et ass en europäesche Reseau vu 5. 000 km, deen op de kale Krich zeréckgeet. Och de Lëtzebuerger Findel gëtt via dësen Nato-System mat Kerosin versuergt.
Wéinst dem Héichwaasser gouf et e Problem mat der genannte Pipeline an zwar beim däitsche Bitburg. Den zoustännege Minister François Bausch:

De Schacht war net ganz iwwerschwemmt, mä ronderëm war alles iwwerschwemmt. Mä et war awer bësse Waasser a Fiichtegkeet an de Schacht erakomm. Do gëtt et e Sécherheets-Mechanismus mat Sonden. Déi si geduecht virun allem fir de Fall vun engem Kerosin-Leck. Déi si ganz empfindlech. Bei der geréngster Fiichtegkeet schalten déi sech an de Floss vum Kerosin gëtt ofgebrach.

Beschiedegt Pipeline / Rep. Pit Everling

Héichwaasser a kee Stroum: Et war schwiereg, op d'Plaz ze kommen,  mä de Problem konnt awer behuewe ginn, d'Valve ass nees op, sou de Minister.

De Kerosin fléisst also nees, ma bis d'Situatioun um Findel sech normaliséiert, dauert et awer nach bëssen.

Aus Sécherheetsgrënn loosse mer déi Noutreegelen en place, nach 1 bis 2 Deeg. Verschidden Airline solle fir den Aller-Retour tanken a gi vläicht nach bëssen deviéiert. Déi Tanke fëlle sech elo rëm op. Wann déi voll si kann ee bis eng Woch kommen.

Och déi Camionen, déi mat Kerosin ënnerwee op Lëtzebuerg sinn, goufen net ofbestallt.
 
Op alle Fall wäert et um Findel net zu engem Stëllstand kommen, sou de Minister, et bräicht kee sech Suergen ze maachen, datt hei kee Fliger méi géing starten.

Um Lëtzebuerger Fluchhafe gi bis zu 2.000 Tonne Kerosin pro Dag getankt. D'Reserve läit bei 6.500 Tonnen. D'Capacitéite sollen op 13.000 Tonne Reserve ausgebaut ginn.

ei dat offiziellt Schreiwes:

Alimentation du réseau Centre-Europe des pipelines vers l'aéroport de Luxembourg rétablie (15.07.2021)

Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics

En date du 15 juillet 2021, un dysfonctionnement du réseau Centre Europe des pipelines (CEPS) a été constaté dans la région d'Echternacherbrück et l'alimentation du pipeline vers l'aéroport était interrompue. L'alimentation a pu être rétablie en fin de matinée du 16 juillet 2021.

L'analyse de l'incident par les experts et techniciens sur place a été extrêmement difficile au vu des inondations massives de la zone d'Echternach. Autres facteurs importants n'ayant pas facilité la recherche de l'origine du problème furent l'interruption du courant ainsi que des services de télécommunication. Les interventions déployées par les équipes sur place ont montré que le pipeline en soi n'était pas affecté. Par contre, la présence d'une quantité réduite d'eau a été constatée dans le puits par lequel le pipeline passe. La quantité d'eau fut néanmoins assez importante pour déclencher le système d'alarme par sondes censé d'interrompre le flux en cas de fuite de kérosène.

Le CEPS est, avec ses plus de 5 000 km de pipelines, le plus important réseau d'oléoducs de l'OTAN. Comme le Luxembourg en est membre, ce réseau alimente l'aéroport de Luxembourg avec tous les aéronefs qui y décollent et atterrissent, en carburant.

RTL NEWS: Suite vun den Iwwerschwemmungen - Nato-Pipeline op de Findel aktuell ënnerbrach

Back to Top
CIM LOGO