D'Iwwerschwemmungen hu grave Repercussiounen op quasi allen Niveauen, och op de Fonctionnement um Findel.

Well de Findel nämlech aktuell kee Kerosin méi duerch d'europäesch Nato-Pipeline kritt, kréien d'Airlines, déi zu Lëtzebuerg starten, respektiv landen nei Instruktiounen.D'RTL-Nouvelle, datt d'Alimentatioun duerch d'Pipeline aktuell ënnerbrach ass, krute mer um Donneschdeg den Owend vum zoustännege Minister François Bausch confirméiert.Deemno gouf et eng Waasser-Infiltratioun an engem Schacht vun der Kerosin-Leitung an der Géigend vun Iechternacherbréck op däitscher Säit.Duerch dem Sécherheetssystem gouf dunn d'Alimentatioun automatesch ënnerbrach, bis datt de Probleem am Schacht behuewen ass - dëst kann awer eng Partie Deeg daueren.D'Airlines kruten de Problem gemellt a si gehalen, fir genuch Sprit an den Tanke vun hire Fligeren ze hunn, fir kënnen Aller-Retouren ze fléien.D'Gesellschafte kucken natierlech de komplette Planning oprecht ze erhalen a mussen zum Deel dann och op aner Fluchhäfen auswäichen, fir do ze landen, respektiv tëschenzelanden a fir ze tanken - dat gëllt zum Beispill och fir d'Cargolux-Maschinnen.Och Camione wäerte mussen an den Asaz kommen, fir de Findel iwwer kuerz Zäit mat Kerosin z'alimentéieren. Eisen Informatiounen no halen d'Reserven, déi um Findel stockéiert sinn, nach bis e Freideg den Owend.Un den Airlines also, fir sech alternativ Tankméiglechkeeten ze sichen, bis datt de Probleem mat der Nato-Pipeline behuewen ass. Wéi gesot, kann dëst e puer Deeg daueren, och muss déi genee Plaz vun der Infiltratioun fonnt ginn - keng einfach Charge an der komplett iwwerschwemmter däitscher Grenzregioun vun der Sauer, déi ganz schwéier accessibel ass.

Offiziellt Schreiwes

Alimentation du réseau Centre-Europe des pipelines interrompue dans la région d’Echternacherbrück
Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics

En date du 15 juillet 2021, un dysfonctionnement du réseau Centre Europe des pipelines (CEPS) a été constaté dans la région d’Echternacherbrück, probablement du côté allemand. Il est possible qu’une vanne de cette pipeline ait été endommagée suite aux inondations dans la zone. Cet incident a provoqué une interruption d’alimentation de kérosène vers l’aéroport de Luxembourg.

Le CEPS est, avec ses plus de 5 000 km de pipelines, le plus important réseau d’oléoducs de l’OTAN. Comme le Luxembourg en est membre, ce réseau alimente l’aéroport de Luxembourg avec tous les aéronefs qui y décollent et atterrissent, en carburant.

L’analyse de l’incident par les experts et techniciens sur place s’avère actuellement très compliquée suite aux inondations massives dans la zone d’Echternach.

Les compagnies aériennes ont d’ores et déjà été avisées par les autorités luxembourgeoises que le problème d’alimentation en kérosène subsistera pendant quelques jours et sont soit tenues de s’alimenter en kérosène suffisant pour un aller-retour, soit de prévoir un atterrissage / décollage à un autre aéroport de la région.

La réserve en kérosène stockée à l’aéroport de Luxembourg sera suffisante pour la journée de demain 16 juillet 2021. Pour tout besoin ultérieur, les compagnies aériennes sont invitées à continuer de s’alimenter par voie routière.

Le ministère de la Mobilité et des Travaux publics informera au fur et à mesure de l’évolution de la situation.