StudentebourssenEt kënnt nees zu Ännerunge fir Studenten, déi am Ausland wunnen

Tim Morizet
Sou lues kënnegt e sech den Hierscht un, net nëmme wat d'Wieder ugeet, mä och d'Schoulrentrée steet un...
VIDEO: Ännerunge bei de Studentebourssen
Et kënnt nees zu Ännerungen fir Studenten, déi am Ausland wunnen.

Fir Uni- an Héichschoulstudenten heescht et eventuell plënneren an et ass domadder Zäit, fir d'Demande fir d'Studiëbäihëllefen anzeschécken.

Bei de Boursse kënnt et elo nees zu Ännerungen, dat gëllt awer just fir Leit, déi net zu Lëtzebuerg wunnen.

Nom Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff vum 10. Juli, muss d'Regierung d'Gesetz fir d'Studiëbäihëllef nees frësch adaptéieren. Déi nei Reform vun dësem Joer wäert och net altzelaang stoen, mengt de Jean-Claude Bernardini vum OGBL.

Mat der Reform vun 2014 goufe bestëmmte Kritären agefouert. D'Mobilitéit, d'sozial Situatioun, d'Zuel vun de Kanner déi am Stot studéieren a bei deene Kritäre bléift et och. Wat sech fir d'Frontalieren an EU-Bierger zu Lëtzebuerg awer ännert, ass d'Referenzzäit. Dës gouf 2014 scho vu 5 op 7 Joer gehuewen, ma soll elo mat der neier Reform op 10 Joer eropgesat ginn.

Fir datt hier Kanner kenne Cedies ufroen, mussen d'Eltere 5 Joer zu Lëtzebuerg geschafft hunn. Elo kann dat iwwert eng Period vun 10 Joer verdeelt sinn.

Nei ass, datt wann d'Elteren 10 Joer zu Lëtzebuerg geschafft hunn, mat oder ouni Pausen, datt se automatesch d'Recht op dës finanziell Ënnerstëtzung hunn.

Den 3. neie Kritär betrëfft Kanner direkt. Wann déi op d'mannst 5 Joer zu Lëtzebuerg an d'Schoul gaange sinn, sief dat Grondschoul, de Secondaire oder aner Héichschoulen, hu se automatesch Recht op eng Studiëbäihëllef.

Den OGBL gleeft awer net dorunner.

Der Gewerkschaft no kéint ee sech all déi Problemer spueren, wa fir Kanner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, an déi vun de Frontalieren, dat nämmlecht géif gëllen.

Back to Top
CIM LOGO