Suivi Wämper SéiEt leeft méi Waasser eraus, wéi es nees erakënnt, sou d'Gemeng

RTL Lëtzebuerg
Zu Wäiswampech soll jo an den nächste Joren en Hotel- a Fräizäitkomplex entstoen. Dat ass awer ëmstridde bei den Awunner.
Suivi Wämper Séi
Zu Wäiswampech soll jo an den nächste Joren en Hotel- a Fräizäitkomplex entstoen. Dat ass awer ëmstridde bei den Awunner.

Et leeft méi Waasser aus dem Wämper Séi eraus, wéi es nees erakënnt - dee Constat confirméiert den DP-Buergermeeschter vun der Gemeng Wäiswampech Henri Rinnen um RTL-Mikro, nodeems och Bierger aus der Gemeng sech bei eis gemellt haten.

Dat wier awer net d'Schold vun der Gemeng - nodeems d'Naturverwaltung e Freideg op der Plaz war a verlaangt huet, datt de Séi net weider auslafe gelooss gëtt, wieren d'Schiber zougemaach ginn: „Mir hu sämtlech Schiberen zou, awer mir hunn eng defekt Schleis. A wann ech mech gutt kann zréck erënneren, soen ech, dat si well méi wéi 20 Joer, datt déi defekt ass. Awer elo hu mer eng schrecklech Dréchent, et kënnt net vill Waasser no, hie senkt sech. An dofir ass fir eis dee beschte Moment elo, d'Waasser lafen ze loossen, natierlech musse mer no de Fësch an alle Liewewiese kucken, selbstverständlech. Mee elo nidder loossen, an dann d'Schleis reparéieren, well d'Schleis léisst méi Waasser duerch, wéi es erakënnt, an hei wier elo de Moment, wou mer wierklech kënnen déi Reperatur maachen, ouni dass mer ze déif am Waasser stinn. Well et léisst sech menger Meenung no net flécken, wa mer elo mat Fräschmänner do schaffen.“

Duerch déi Reperatur kéint en anere Séi, ënnert dem Site op deem en ëmstriddenen Hotel entstoe soll, nees gespeist ginn, mengt den Henri Rinnen: "Fir d'Zukunft wier et elo flott wa mer d'Schleis reparéiert hätten, mir kréichen de Séi op e ganz héijen Niveau erop, wou dann iwwert den natierlechen Iwwerlaf d'Waasser nees an deen anere Séi leeft, do géife mer e Biotop schafen, deen elo verdréchent ass, well iwwer 20 Joer, datt déi net méi funktionéiert huet, dee géif nees entstoen, deen ass ënnert dem Hotel, wat eng Attraktioun wier fir d'Leit an als Biotop op jidder Fall, an all Biotop erkritt sech. Dat ass ganz kloer. Natierlech gouf en elo hei geschiedegt, selbstverständlech, dat si mer eis bewosst. Mee mir schafen doduerch awer eppes Besseres."

Zu Wäiswampech soll an den nächste Joren en Hotel- a Fräizäitkomplex entstoen - dat ass awer ëmstridde bei den Awunner, déi sech an engem Referendum géint de Projet ausgeschwat hunn.

RTL-News: Wäiswampech: Auslafe vum Séi ass gestoppt ginn

Back to Top
CIM LOGO