
Zu Déifferdeng musse sech d’Bierger op een neit Gesiicht un der Spëtzt vun der Gemeng no de Walen astellen. D’Christiane Brassel-Rausch trëtt no knapp véier Joer nämlech net méi un. Si wier duerch besonnesch Ëmstänn an d’Amt komm an nom Ausfluch an d’Politik wier et elo un der Zäit rëm zeréck op de geplangte Wee ze goen. Ma hier Zäit an der Märei bereit si awer net.
“Spannend a flott”, wier d’Aarbecht an der Gemengepolitik, awer och “erausfuerderend, energie- an zäitintensiv”. An hirer Amtszäit hätt ee virun allem vill am Beräich vum Logement ëmgesat, beim Projet Gravity geet et ëm 80 Wunnengen, déi d’Gemeng kaaft huet an déi lo an d’Locatioun kommen, d’Vente wier schonn ofgeschloss. Dann ass Déifferdeng och nach Deel vum Projet NetZeroCities, an deem sengem Kader sech 112 europäesch Stied d’Zil gesat hunn, bis 2030 klimaneutral ze sinn. No der gréissten Erausfuerderung vun hirer Amtszäit gefrot, ka sech déi 64 Joer al Gemengemamm net entscheeden.

“Dat ass eng komesch Fro, dat do. Ganz einfach, ech mengen d’Erausfuerderung war schonn am Oktober, wéi ech Buergermeeschtesch gouf, ganz onverhofft, sinn do direkt an de Budget komm. Nom Budget, no der Chrëschtvakanz, ass de Covid komm a wéi mer geduecht haten, mir hätten de Covid sou lues am Grëff, ass de Krich an der Ukrain ugaangen.”
Déi ganz Amtszäit wier aussergewéinlech gewiescht. Fir d’Zukunft sollt d’Stad op deem Wee weidermaachen, op deem se ënnerwee ass. Et wier eng Transitioun vun enger Industriestad hin zu enger ekologescher Stad mat ville Schüler a Studenten. Wat den Engagement vun de Bierger op lokalem Niveau ugeet, misst déi national Politik dee richtege Kader schafen, fir dat ze erméiglechen, grad beim Congé politique.
“Lo als Buergermeeschter vun der drëttgréisster Gemeng hunn ech 40 Stonne Congé politique d’Woch, mee ech denke sou eng Gemeng ass mat Schäffen, déi just 20 Stonnen d’Woch Disponibilitéit hunn, net méi ze maachen. Well d’Dossiere vill méi schwéier a komplex ginn a well d’Uspréch un d’Politiker ëmmer méi grouss sinn. An da muss ee mengen ech einfach iwwerzeegt si vun deem wat ee mécht, soss geet et net oder et geet ganz schwéier.”
Éischter fir Negativschlagzeilen hat an der Läscht d’Sécherheetssituatioun ronderëm de Parc Gerlache gesuergt. Ma nodeems d’Gemeng sech ee lokale Sécherheetsplang ginn huet, hätt sech d’Situatioun hirer Meenung no berouegt. De Parc selwer wier voller Famille mat Kanner, problematesch wier éischter d’Strooss, déi laanscht de Parc geet. Ma och hei géing de Sécherheetsplang et erlaben, Léisungen ze fannen. Et wier een op alle Fall op engem gudde Wee. Een aneren däregen Dossier ass d’Gestioun vum Déifferdenger Science Center. All d’Parteien, déi am Gemengerot vertruede sinn, stéingen hannert dem Projet, e misst ebe just “dans les conditions de l’art” gefouert ginn. Sollt de Projet stierwen, wier dat schued.
D’Zäit viru véier Joer, wéi si als Suite vun der Gaardenhaischen-Affär ronderëm hire Virgänger Roberto Traversini Buergermeeschtesch gouf, beschreift d’Christiane Brassel-Rausch als turbulent. Berufflech wier si dee Moment bei zwou Theaterproduktiounen, deels am Ausland, aktiv gewiescht. Mam Roberto Traversini hätt si dono keen direkte Kontakt gehat. Et wier wichteg gewiescht, datt déi Gréng ee Cut gemaach an hir d’Vertrauen ausgeschwat hätten. Déi lescht 3,5 Joer hätt ee sech nei opgestallt an och ouni si géing et weidergoen, et géing nämlech net ëm Eenzelpersounen, mee ëm d’Ekipp an d’Iddie goen.