Dr Gérard Schockmel iwwer Impfflicht"Et muss een op alle Fall virsiichteg bleiwen"

Diana Hoffmann
Den Infektiolog Dr Gérard Schockmel war um Freideg den Owend am RTL-Interview.
Den Interview mam Dr Gérard Schockmel
Hie war Invité um Plateau vum Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Hält een zu Lëtzebuerg nach ëmmer un enger Impfflicht fest, en Vue vun dem momentane Pandemie-Situatioun?

Nach gëtt un dem dofir néidege Gesetzestext geschafft. Dobäi baséiert ee sech op Recommandatioune vun engem Expertegrupp. Festgehale gi war, datt soll eng generell Impfflicht fir Leit vu 50 Joer un, an eng fir Leit, déi am Gesondheets- a Fleegesecteur schaffen, agefouert ginn. Et schéngt awer, wéi wann dëse Gesetzestext nach net a Stee gemeesselt wier.

Den Expertegrupp gouf nämlech nees eng Kéier kontaktéiert, fir d’Pandemie-Situatioun ze reevaluéieren.

Impfflicht: Méiglech Adaptatiounen / Rep. Diana Hoffmann

Den Infektiolog Dr. Gérard Schockmel ass ee vun den Experten aus dësem Grupp, a seet, et misst een op alle Fall virsiichteg bleiwen.

“Den Ament weess keen, wéi et viru geet. Et kann eng geféierlech Variant am Ufank vum Hierscht kommen. Villäicht och net. Villäicht ass dës dann ëmmer nach op Omikron-Basis. Mee wat ass am Wanter, wéi geet et virun? Et kann zu all Ament, iwwerall op der Welt eng Variant entstoen.”

A fir fir esou Eventualitéite preparéiert ze sinn, gëtt weider um Gesetzestext geschafft. Dëse wiere sou gutt wéi drockräif, heescht et vun der Justizministesch Sam Tanson. Trotzdeem wier ee bereet, no enger weider Evaluatioun vun der Situatioun duerch d’Experten, Adaptatiounen ze maachen.

Entweder si soen eis, mir mussen dat ëmmer nach genau esou maachen, wéi mer dat virun e puer Méint scho gesot haten. Da kann den Text tel quel op den Instanzewee goen. Oder si soen eis, datt ee villäicht nach muss verschidden Adaptatioune maachen, déi mer dann och géingen maachen. Zum Beispill kann ee soen, datt een den Alter e bëssi eropschrauft. Oder dat sektoriellt ass net néideg. Do kann een sech Verschiddenes virstellen. Si kënnen eis natierlech och soen, datt et iwwerhaapt net méi néideg ass. Datt mer just nach op Recommandatioune soll goen. Da bräichte mer d’Texter net ze deposéieren.

An deem Fall misst ee méi op de Volet vun der Iwwerzeegungsaarbecht goen. Et wier awer evident, datt wann e Gesetz kënnt, dëst misst virum Hierscht gestëmmt ginn, well Hierscht a Wanter bis elo ëmmer déi schlëmmste Covid-Méint waren. Nach virum Summer wëll een en Avis ofginn, seet de Gérard Schockmel. Vill Facteure sinn elo scho bekannt:

Mir wësse jo, datt d’Immunitéit bei de Geimpften a bei de Genesenen ofhëlt. Mer wëssen, datt de Virus saisonal ass. Mer wëssen, datt mer vulnerabel Leit hunn, an datt och vulnerabel Leit net geimpft sinn oder nëmme partiell geimpft ginn.

Doriwwer eraus wier een nach net wierklech sécher, datt de Gesondheetssystem net awer kéint iwwerlaascht ginn. An deenen nächste Woche wëll ee sech dowéinst nach eng Kéier déi aktuellst Donnée ukucken.

Back to Top
CIM LOGO