
Et rumouert an der Proporz-Gemeng Clierf. Den CSV-Gemengeconseiller Théo Blasen huet en Dënschdeg de Moien de Gemengerot per Email informéiert, dass hien aus der knapper CSV-Majoritéitsfraktioun ënnert dem Buergermeeschter Emile Eicher austrëtt a bis 2023 weiderhin als onofhängege Conseiller wäert am Gemengerot bleiwen. Als Ursaach nennt hie Meenungsverschiddenheete mat der CSV-Fraktioun.
Duerch dës Aktioun verléiert d’CSV hir knapp Majoritéit zu Clierf. Bis elo ware 6 CSV-Leit an der Majoritéit géint 5 Leit an der Oppositioun aus der DP, vun Déi Gréng a vun enger Biergerlëscht. An der Oppositioun war een op alle Fall en Dënschdeg de Moie ferm iwwerrascht iwwer dëse Mail.
D’CSV-Fraktioun vu Clierf hat en Dënschdeg den Owend eng Reunioun iwwer Skype, fir iwwer méiglech Schrëtt ze diskutéieren. Wéi eng politesch Konsequenzen dat wäert hu bleift ofzewaarden. Notamment beim Budget ass d’CSV bis ewell op all Stëmm ugewise gewiescht. D’Oppositioun huet ëmmer komplett dogéint gestëmmt. Et wäerten deemno schwiereg Zäite gi bis d’Walen 2023 fir de Buergermeeschter a President vum Syvicol Emile Eicher.
Den Iwwerbléck vum Gemengerot zu Clierf fannt Dir um offizielle Site.Hei de Mail vum Gemengeconseiller Théo Blasen
Moien all zesamen,
de Corona hat mecht o erwescht, dofir wees ech na net ob ech bis e Mondig erem fit sen dir d‘Sitzung.
Deswegderen wel ech heimat de ganze Conseil informéieren, dass ech ab direkt nemme na als neutralen Conseiller am Geméinerot bis zum Enn va mengem Mandat verbleiwen. Also net mi an der Fraktioun van der CSV wi bis elo.
Verschiden Ursachen gien et dofir déi ech ewer elo hei net well erläuteren.
MbG
Theo