
D‘Method fir ze rekrutéieren, ass net méi effikass. De fräiwëllegen Engagement huet aner Formen ugeholl. D‘Croix-Rouge huet en neit Portal lancéiert, fir sech den haitegen Zäiten unzepassen.
Soss hunn d‘Benevoller eng Candidature spontanée era geschéckt. Do war et net ëmmer evident fir eraus ze fannen, wie sech wou wëll - oder kann - engagéieren a fir wéi eng Dauer.
D‘Stéphanie Lamberty, Coordinatrice vum Benevolat bei der Croix-Rouge seet, datt d‘Benevoller vun haut méi Flexibilitéit sichen: "Mir hu gemierkt, dass nei Forme vu Benevolat entstane sinn, esou wéi zum Beispill punktuelle Benevolat, Télé-Benevolat, wou d'Leit vun doheem aus hëllefen an och Benevolat iwwert d'Entreprisen."
Déi nei Plattform soll et erlaben, fir op dës nei Formen anzegoen. Ënner anerem sollen d‘Offere méi konkret a méi visibel formuléiert ginn, och punktuell Offeren, bei deenen et net ëm e Laangzäit-Engagement geet. "Ma esou eng punktuell Missioun zum Beispill ass, dass mer e Fest hunn an engem Foyer mat Kanner a mir brauche Benevollen, fir d'Kanner ze schminken."
De méi laangfristege Benevolat géif et zwar nach ëmmer ginn, mä et misst een eeben och op déi nei Formen agoen. Bei de Leit, déi sech sozial engagéieren, geet et iwwregens queesch duerch d‘Gesellschaft "Et kann een ab 15 Benevolat maachen. Dat fänkt mat der Croix-Rouge de la jeunesse un, mat eise Kolonien, wou een och eng Formatioun kritt, fir Animateur ze ginn. Déi meescht Benevollen hunn awer 18 Joer minimum a si engagéiere sech net onbedéngt an deem Beräich, wou se berufflech aktiv sinn. Heiansdo wëlle se souguer eng Ofwiesslung vun hirem Beruff. Mir hunn awer och vill pensionéiert Leit, déi hir Kompetenzen, hir Erfarung zur Verfügung stellen."
Bei der Croix-Rouge engagéiere sech bal 1.600 Benevoller a 40 verschiddenen Zerwisser.
Um neie Portal gëtt et iwwregens eng Filter-Funktioun, fir datt Benevoller spezifesch no deenen Offere kënne sichen, déi si interesséieren.