Fëmmerte sensibiliséierenEt soll ee keng Zigarettestëmp op de Buedem geheien

Monica Camposeo
Zigarettestëmp si Schätzungen no weltwäit deen Offall-Produit, deen am heefegsten an der Natur ewechgeheit gëtt.
Et soll ee keng Zigarettestëmp op de Buedem geheien
Zigarettestëmp si Schätzungen no weltwäit deen Offall-Produit, deen am heefegsten an der Natur ewechgeheit gëtt.

Dorënner leiden d’Déieren, déi d’Stëmp dacks iessen. Ma déi gëfteg Stoffer aus der Zigarett landen och an eisem Buedem an am Waasser. Fir d’Fëmmerten ze sensibiliséieren an de Stater Park e bësse méi propper ze maachen, war e Sonndeg op der Kinnekswiss eng Botzaktioun.

Bis zu 15 Joer kann et daueren, bis sech Zigarettestëmp op natierlechem Wee zersetzen. Virun allem de Filter vun der Zigarett suergt an der Natur fir grousse Schued.

Den Antonio Casafina huet op Facebook eng Botzaktioun lancéiert. Op sengem Stand bei der Kinnekswiss huet hien e Sonndeg d’Leit, déi matmaache wollten, informéiert.

"An den Zigaretten ass net nëmmen den Tabak, mä et ass och Plastik dran. An d’Déieren, wéi zum Beispill d'Villercher, verwiesselen dat mat Nahrung an da fléie se ronderëm, si gesi vu wäitem eng Zigarette an dann huele se déi an de Mond an dorunner kënne se da stierwen. An och d’Zigaretten, déi an de Gulli erageheit ginn. Vill Leit wëssen net, dass dat dann alles an eise Mierer an eisen Ozeane lant.", erkläert den Antonio Casafina.

Wie bei der Botzaktioun hëllefe wollt, konnt sech dat néidegt Material direkt op der Plaz ausléinen.

An eng ganz Partie Leit hunn tëscht 10 Auer a 16 Auer matgehollef, d’Kinnekswiss, de Park, mä och d’Stroossen an der Géigend propper ze maachen. Trotz Keelt huet et net u Motivatioun gefeelt.

Reaktioune vu Fräiwëllegen

"Ech si mat Kolleegen heihinner komm, fir Zigaretten a Plastik an Dreck vum Buedem opzerafen. Fir eng gutt Aktioun ze maachen dëst Joer."

"Et ass och fir sech gutt ze fillen, fir sech och ze soen, dass een eppes Guddes gemaach huet am Dag an och fir mol aus der Routine erauszekommen."

"Et ass wichteg, de Leit och ze weisen, dass se hiren Dreck net einfach op de Buedem geheie sollen. Eben d’Ëmwelt net méi verschmotzen sollen."

"Et huet ongeféier 50 Minutte gedauert, fir déi Fläsch ganz opzefëllen an nach ass se jo net ganz voll. Mä et ass awer wichteg, dass dat heiten net méi virkënnt."

Mam Täschen-Äschebecher kéint ee säin Zigarettestomp ganz einfach apaken, bis een eng Poubelle fënnt, wou een en dann entsuerge kann. Wat e Sonndeg un Dreck agesammelt gouf, gëtt vum Service d’Hygiène vun der Sad Lëtzebuerg gewien a gezielt. Den Antonio Casafina iwwerleet sech nach, wat aus de gesammelten Zigarettestëmp kéint entstoen, fir nach méi Leit op de Problem opmierksam ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO