Am Chat eng Kläpperei organiséieren. Alles filmen an duerno op de soziale Medien deelen. Dat si leider keng Eenzelfäll. Am Kader vun engem nationale Preventiounsprojet géint Gewalt wëlle se am Iechternacher Lycée Jonker dofir sensibiliséieren, dass een net alles filmen an deele soll, wat ee grad gesäit.
Nieft engem Film hu si dofir extra Aarbechtsblieder ausgeschafft. Wat sinn d’Konsequenzen, wann ee sou eppes filmt? Wat ass non assistance à personnes en danger a wéi soll ee richteg reagéieren, wann een Zeie gëtt vun enger Kläpperei?
Dräi Enseignanten hu de Projet an d’Liewe geruff an Zesummenaarbecht mat der Police, enger Affekotin fir Jugendrecht an dem Service psychosocial vum Lycée. D’Kanner sollen Alternative léieren, léieren, wat Zivilcourage ass, wat ee soll maachen a wat een op kee Fall soll maachen.