Et war e Feeler, datt ee sech net méi am Detail mat de Pirate beschäftegt huet, dat sot de Süddeputéierte vun déi Lénk Marc Baum um Mëttwoch de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Senger Meenung no géif sech elo no de Walen eréischt verstäerkt d'Fro stellen, firwat d'Piraten, déi prozentual e bessere Score wéi déi Lénk realiséiert hunn, eigentlech stinn. Aus hirem Walprogramm wier dat all Zäit net erauszeliesen. Jiddereen hätt e bësschen hir eegen Iddien, firwat d'Piratepartei steet. Déi Lénk selwer hätten an der Walcampagne zum Deel de Feeler gemaach, fir ze vill op eng laangfristeg Perspektiv ze setzen, déi vläicht net konkret bei de Leit ukomm ass. Mat dëser Perspektiv wier awer d'Basis fir d'Zukunft geluecht ginn, fir konkret Iddien ze deklinéieren. Et misst ee sech och seriö op d'Long zéien, firwat déi Lénk net an deem Mooss vum Stëmmeverloscht vun der LSAP profitéiere konnten.
Houfreg ass d'Partei, datt fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Partei zwou Fraen op de Krautmaart kommen. D'Myriam Cecchetti an d'Nathalie Oberweis iwwerhuelen, dem Rotatiounsprinzip no, an der Halschent vum Mandat. Si hätten et als Lénk fäerdeg bruecht, méi weiblech a méi jonk ze ginn, andeems een notamment bewosst Table rondë paritéitesch besat huet. Déi grouss Erausfuerderunge vun der nächster Legislatur leien dem Marc Baum no an der Lutte géint d'Aarmut an déi sozial Inegalitéiten an der Klimafro. Hei wëll een, wéi bis ewell, d'Koalitiounsparteie ganz kritesch begleeden. Déi grouss Fro den Ament wier, wéi eng Zukunft fir d'Land Blo, Rout a Gréng developpéiere wëllen. Wann d’LSAP d’Hausse vum Mindestloun net duerchgesat kritt, misst se sech all Zäit froen, wat se an der Koalitioun mécht, sou de Marc Baum.
E Mëttwoch war de Marc Baum vun déi Lénk eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.