Prozess ëm Doutschlag zu Diddeleng"Et war en Accident, ech hunn et net gewollt"

Diana Hoffmann
En Dënschdeg de Moien huet sech eng Persoun musse wéinst Doutschlag a Kierperverletzung viru Geriicht veräntwerten.
"Et war en Accident, ech hunn et net gewollt"
En Dënschdeg de Moien huet sech eng Persoun musse wéinst Doudschlag a Kierperverletzung viru Geriicht veräntwerten.

Den 9. Abrëll zejoert war eng Persoun zu Diddeleng an engem Appartement erstach ginn. En Dënschdeg de Moien huet sech mussen en 33 Joer ale Mann wéinst der Dot veräntwerten.

Et war Samschdegowend virun annerhallwem Joer. Den Ugeklote war an Diddeleng ënnerwee, hat Alkohol a Kokain konsuméiert. An enger Bar huet hien dat spéidert 38 Joer aalt Affer kennegeléiert. Um Heemwee, ëm 3 Auer moies, ass hie laanscht eng weider Bar komm, wou hien zoufälleg e Kolleeg getraff huet. Och déi nei flüchteg Bekanntschaft war mat dohinner komm. Déi 2 Kolleegen hu sech fir e leschten Drink beim Ugekloten Doheem entscheet. Dee bis dohi Friemen huet sech ugeschloss. Ëm hallwer 4 ware se an der Wunneng. Do ass dunn e Sträit eskaléiert.

Et war vill Alkohol gefloss. Beim Ugeklote gouf en Alkoholwäert vun 1,32 Promill, beim Affer vun 2,31 festgestallt. Am Laf vum Owend ass d’Affer op d’Toilette gaangen. Well den 38 Joer ale Mann méi laang net erëmkoum, ass den Ugeklote kucke gaangen an huet e beim Kleederschaf fonnt, am Mantel vu senger Frëndin. Den Ugekloten huet d’Affer an d’Kiche geschleeft a mat engem Messer menacéiert. De Mann soll sech ausdoen an d’Saachen, déi e geklaut hätt, erausréckelen. D’Affer hat probéiert, 150 Euro ze klauen a Bijouen.

Den Ugekloten ass rose ginn, huet de Mann weider mam Messer menacéiert, sou dass dësen no hanne gaangen ass. Wat dono genee geschitt ass, schéngt net kloer. De Kolleeg vum Ugeklote sot, d’Affer hätt bemol seng Äerm net méi viru sech gehalen, fir sech ze protegéieren. D’Kommissärin vun der Police schléisst net aus, dass de Mann beim no hanne goe getrollt kéint sinn. Deen Ament huet den Ugekloten zougestach an dem Affer eng Schnëttwonn vu 15 Zentimeter um Hals zougefüügt, déi d’Halsschlagoder duerchtrennt huet. De Mann ass nach op der Plaz verstuerwen.

Dat éischt, wat den Ugekloten den Dënschdeg de Moie sot, ass, dass et en Accident gewiescht wier an net gewollt. De Mann war zanter enger Zäit schonn an enger Bezéiung an huet als Immobilienagent geschafft, nodeems e jorelaang an der Gastronomie täteg war. Bis op een Tëschefall 2018, wou hie Persoune mat enger gebrachener Fläsch blesséiert huet, goufen et keng Antecedanten. Dem Expert Psychiater no ass den Ugeklote voll scholdfäeg.

Back to Top
CIM LOGO