Serie Nuetsschicht - Jeff Jungels vun der Douane"Et wonnert ee sech ëmmer erëm, wat verschidde Leit fir Saache matbréngen"

Rosa Clemente
Nuets ass d'Aarbecht vun den Douanieren um Flughafen e wéineg anescht, wéi am Dag – dat, wëll just bis eng gewëssen Auerzäit Passagéier-Fliger landen.
Nuetsschicht bei der Douane
.

Elefanten-Stousszänn, Pangolinen, kiloweis Fleesch oder Wallisse voller gefälschte Marke-Kleeder: D’Douane um Findel muss d’Bagagë vun de Leit bei hirer Urees ganz genau ënnert d’Lupp huelen.
Ëmmer nees gi verschidde Passagéier duerch de grénge Couloir, obschonn si eigentlech Saachen dobäi hunn, déi misste bei der Douane deklaréiert ginn.

“Et gesäit een et de Leit dacks am Gesiicht un. Si wëlle sech onopfälleg verhalen, mee falen duerch hiert nervööst Optrieden ganz besonnesch op”, erkläert de 34 Joer ale Jeff Jungels, dee bei der Douane um Findel Responsabel fir d’Brigade Fret an d’Brigade Passagers ass.

Am Kader vun der Serie Nuetsschicht huet eng RTL-Ekipp de Jeff Jungels eng Nuecht laang mat der Kamera begleet, an dobäi eng ganz aner Ambiance do erlieft, wou soss d’Hektik regéiert.

Back to Top
CIM LOGO