
Déi national Ethikkommissioun schwätzt sech an engem Avis, deen e Freideg am Nomëtteg publizéiert gouf, majoritär derfir aus, fir och hei am Land iwwert eng Impfflicht fir all Erwuessener nozedenken. Den Avis ass e Freideg de Moien och am Regierungsrot presentéiert ginn.
An der Argumentatioun heescht et, datt d’Impfflicht wuel ze fréi an der Pandemie ausgeschloss gouf.
Zu dësem Ament, respektiv wann d’Situatioun sech nach verschlëmmere sollt, wier mëttel- bis laangfristeg eng Impfflicht aus “ethesche, sozialen, wirtschaftlechen a sanitäre Grënn” ze vertrieden. D’Vertrieder vum Ethikrot ënnerscheede kloer tëscht Impfzwang, deen ausser Fro stéing, an Impfflicht, déi un d’Verantwortung appelléiert.
D’Situatioun wier eescht mat ënnert anerem méi wéi 5 Millioune Covid-Doudege weltwäit a bal 900 am Grand-Duché, engem latente Risiko, datt d’Spideeler iwwerlaascht ginn, der Middegkeet an der Gesellschaft an der prekärer wirtschaftlecher Situatioun.
Déi eenzeg manner contraignant Mesure virun enger generaliséierter Impfflicht géif sech just op d’Iwwerzeegungskraaft vun der Regierung limitéieren. Ausgangsspären oder Lockdown géifen déi ganz Populatioun treffen a wieren deemno méi aschneidend fir jiddereen. Woubäi eng Impfflicht, wann eng Majoritéit geimpft ass, just eng Minoritéit treffe géif. Eng generaliséiert Impfflicht kéint bei verschiddene Leit souguer éischter dozou féieren, sech impfen ze loossen, well engem doduerch déi individuell Responsabilitéit ofgeholl gëtt. An deem Fall eng Flicht, déi engem duerch d’Gravitéit vun der allgemenger Situatioun vun uewen erof imposéiert gëtt.
D’Argument vun der Fräiheet, dat vu Verschiddenen jo an d’Feld gefouert gëtt, fir géint dat Gesetz ze sinn, ass an den Ae vun der Ethikkommissioun keen ethescht Géigenargument zu enger Impfflicht.
De Mënsch wier net ëmmer fräi, fir sech a Gefor ze bréngen, virun allem dann, “wa seng Fräiheet anere schuede kann”. Eng Impfflicht géif och de “gudde Choix” vun enger Majoritéit vun de Bierger a Biergerinne confirméieren, déi soss eventuell och riskéiere géifen, sech dem Camp vun den Enttäuschten unzeschléissen.
Wat d’Impfe vun de Kanner ugeet, ass den Ethikrot zeréckhalend. Kanner impfen, fir déi Erwuessen ze schützen, wier vläicht e valabelt Argument, mä den Ethikrot betount awer, datt et virun allem un den Erwuessene wier, hir Responsabilitéit z’iwwerhuelen a sech verantwortungsvoll ze behuelen, fir hir Kanner ze schützen. D’Haltung vun Erwuessenen, déi eng Impfung refuséieren an doduerch verhënneren, datt sech déi sanitär Situatioun verbessert, wier ëmsou méi schockant, well d’Vaccinatioun vun de Kanner vun der Zuel warscheinlech mol guer net géif duergoen, fir aus der graver Situatioun vun elo erauszekommen.
Vun der RTL.lu-Redaktioun: An enger éischter Phas hate mer am Titel “kuerz- bis mëttelfristeg” stoen, wat awer duerch de richtegen Therme “mëttel- bis laangfristeg” ersat gouf.