
De 4. Februar wäert den Etienne Schneider jo seng Positiounen an der Regierung opginn. Hien hält deen Ament also als Vize-Premier, grad wéi als Wirtschafts- an Gesondheetsminister op.
Wéi seng berufflech Karriär dono ausgesäit, doriwwer wollt hie sech bis ewell ni äusseren.
De Quotidien wollt wëssen, dass den Etienne Schneider de Poste vum General-Direkter bei der ESA ustrieft. Dat huet den nach Vize-Premier RTL géintiwwer awer dementéiert. Hie wier wuel vun enger Rei Länner gefrot ginn, fir dee Posten ze iwwerhuelen, ma éier hien doriwwer géif nodenken, misst kloergestallt ginn, datt sech bei der ESA Saache missten änneren, fir se méi fit, méi interessant, méi kompetitiv a méi séier ze maachen. Zougesot hätt den Etienne Schneider awer net, obwuel et e Beräich wier, deen hie géif interesséieren.
Aktuellen Direkter bei der ESA ass den Däitsche Jan Wörner, mä deem seng zweet Mandatsperiod leeft am Summer 2021 aus. D’ESA ass jo déi europäesch Weltraum-Agence, déi 22 Länner regroupéiert, an hire Sëtz zu Paräis huet. Zanter Oktober gëtt et och eng enk strateegesch Zesummenaarbecht tëscht der nationaler Space Agence, LSA, an der ESA.