"Vun eiser Säit steet dem Google-Datazenter näischt méi am Wee", dat sot um Méindeg de Moien de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider bei eis op der Antenne. Mir hätten eis Hausaufgabe gemaach, elo wier et um amerikaneschen Technologiekonzern, fir ze decidéieren, ob e sech hei am Grand-Duché mat engem neien Datazenter néierloosse wëll oder net.
Den LSAP-Minister hofft natierlech op gréng Luucht aus Kalifornien, dat huet den Etienne Schneider um Méindeg de Moien direkt e puer mol widderholl. Ëmmerhin hätt Blo-Rout-Gréng et domadder da fäerdeg bruecht, dee gréissten Eenzelinvest an d'Land ze kréien, dee jee hei gemaach gi wier. Als Rappell Google géif fir säin Datazenter uewen nieft der Industriezon Klengbousbierg zu Biissen eng Milliard Euro hei zu Lëtzebuerg investéieren an eng Millioun m2 Datazenter opbauen.
Wéini ënnerschriwwe ka ginn, konnt den Etienne Schneider net soen. De Premier Xavier Bettel reest an 10 Deeg a Kalifornien. Haut wier nach net decidéiert, ob an deem Kader d'Ënnerschrëft ënnert den Deal gesat ka ginn oder net, sou de Wirtschaftsminister.
Vun engem Match tëscht dem Wirtschafts- an dem Staats- a Medieministère am Dossier Google wollt den Etienne Schneider weider näischt wëssen. De Wirtschaftsminister wier fir d'Promotioun vun der Ekonomie zoustänneg. Do wier et kloer, wat d'Opdeelung wier. Hien hätt an deem Sënn no Fuitten an der Press just Froe beäntwert. Am Dossier Google hätten awer ganz vill verschidde Ministeren un engem Strang gezunn, datt et Realitéit ka ginn.
Allgemeng wier awer net vun der Hand ze weisen, datt d'Parteien am Gaang sinn, sech lues a lues ze positionéieren. Dat hätt net nëmmen eppes mat de Gemengewahlen ze dinn, mä virun allem mam Enn vun der Legislatur an engem Joer. Datt et do an nächste Méint zu deem engen oder aneren Affrontementer kënnt, wier net auszeschléissen.
D'Nominatioun vum Laurent Loschetter als neie President vum Verwaltungsrot vum Radio 100,7 wollt den Etienne Schneider weider net kommentéieren. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet an deem Kontext eng kritesch parlamentaresch Fro un de Premier a Medieminister gestallt. Den zoustännege Minister géif d'Nominatioune proposéieren, déi dann an de Regierungsrot kommen. Datt net all Decisioun vu jidderengem fir gutt fonnt gëtt wier normal. Dat wier awer an dësem Fall keng Katastroph.
De Vizepremier war eisen Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.