An der ChamberEU-Kommissär Nicolas Schmit huet Aarbechtsprogramm 2024 presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Et ass de leschte Programm vun dëser EU-Kommissioun virun den Europawalen d’nächst Joer am Juni.
EU-Kommissär Nicolas Schmit huet Aarbechtsprogramm 2024 presentéiert
Et ass de leschte Programm vun dëser EU-Kommissioun virun den Europawalen d’nächst Joer am Juni.

90 Prozent vum Programm, deen d’Kommissioun presentéiert huet, wieren ëmgesat ginn, sot de Chamberpresident Claude Wiseler um Méindeg de Moien, dat nodeems den EU-Kommissär Nicolas Schmit an der Chamber d’Pläng vun der Kommissioun fir d’nächst Joer virgestallt hat.

Et war fir den Nicolas Schmit déi leschte Kéier. Et ass jo ofgemaach, datt den CSV-Deputéierten Christophe Hansen neie Lëtzebuerger EU-Kommissär gëtt.

D’Welt géing awer net stoe bleiwen, well Europawale sinn, huet den Nicolas Schmit ënnerstrach. Et misst ee sech permanent weiderentwéckelen an adaptéieren.

Nicolas Schmit: “Ech schléissen net aus, dass mer an deenen nächste Méint weider Krisesituatioune wäerte kréien. Immigratioun ass natierlech en anere wichtege Punkt. De Pakt iwwert d’Immigratioun, deen am Conseil nach ëmmer negociéiert gëtt. Et ass eng schwiereg Negociatioun. Wann een awer ronderëm sech kuckt, wier et wichteg, dass grad Europa hei en Accord fënnt, fir déi europäesch Migratiounspolitik besser ze gestalten an och méi solidaresch ze gestalten.”

18 Initiativen huet d’Kommissioun bis un d’Enn vun der Legislaturperiod nach opstoen.

Dozou zielen eng definitiv Decisioun iwwert den EU-Budget, wouvun d’EU-Hëllefe fir d’Ukrain e wichtegt Element wieren. Ma och Initiativen zu der Artificieller Intelligenz, d’Plattformaarbecht, oder fir Mindestléin a Kollektivverträg.

Weidere Programm an der Chamber

Soss geet et dës Woch an der Chamber weider mat de Presentatioune vum Regierungsprogramm. E Mëttwoch ass alt nees d’Santé un der Rei, mat der Ministesch Martine Deprez.

En Donneschdeg stellt d’Yuriko Backes de Volet «Defense» vir.

Den neie Kulturminister Eric Thill kënnt dann och an d’Chamberkommissioun fir de Beräich «Kultur».

En Dënschdeg an e Mëttwoch sinn och normal Chambersëtzungen. En Dënschdeg ass en Debat iwwer den Heescheverbuet an zwee grouss bezuelbar Logementsprojeten stinn zum Vott.

E Mëttwoch geet et ëm d’Upassung vum Steierbarème an den Iwwergangsbudget fir déi éischt 4 Méint vum nächste Joer muss gestëmmt ginn.

Back to Top
CIM LOGO