D'Paulette Lenert am RTL-InterviewEU-Kommissioun decidéiert, ob d'Deputéiert Abléck a Liwwerunge vu Vaccine kréien

RTL Lëtzebuerg
De Piraten-Deputeierte Sven Clement hat jo dës Woch annoncéiert, dass hie Plainte géint de Gesondheetsministère deposéiert.

Et géif him drëm goen, Transparenz beim Akaf vun de Covid-Vaccinen ze schafen.

Dat, well hie schonn zanter zwee Joer keen Accès an de Kontrakt zu de Liwwerunge vun de Vaccinë kritt.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert reagéiert am RTL-Interview a seet, et wier net u Lëtzebuerg, mee un der EU-Kommissioun ze decidéieren, ob d’Deputéiert Abléck an dës Kontrakter kréien well d’Kommissioun des Verträg ausgehandelt huet.

Da gëtt an enger Petitioun, déi 4.800 Ënnerschrëfte krut, gefuerdert, datt eng Covid-Enquêtë-Commissioun geschaf gëtt, d’Patientevertriedung hätt dat och gär.

D’Paulette Lenert erënnert am RTL-Interview drun, datt si der Chamber als Regierungsmember Rechenschaft schëlleg ass, deemno wier si fir all Fro op.

Back to Top
CIM LOGO