Arrêt ClementPiraten-Deputéierten deposéiert Plainte géint Gesondheetsministère

Diana Hoffmann
Dat well de Ministère schonn 2 Joer refuséiert, Kopië vun de Kontrakter iwwer d'Commandë vun de Covid-Impfstoffer erauszeginn.

De 14. Februar gouf d’Plainte deposéiert. Ugangs huet et vun der Regierung geheescht, et géinge just europäesch Kontrakter fir d’Liwwerung vun den Impfstoffer ginn an domadder hätt Lëtzebuerg näischt ze dinn. Dat stëmmt net sou ganz, seet de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Et géifen Annexe vun deene Kontrakter ginn, eng sougenannten “Vaccine Order Form”, déi all Land eenzel ënnerschriwwen hätt. Doranner wieren ënner anerem d’Präisser, d’Quantitéit an den Datum vun der Liwwerung festgehalen.

Nodeems hien och op seng Ufro op Asiicht an d’Annexe vun der Chamber eng negativ Äntwert krut, huet hien eng Plainte gemaach. Dëst mam Verweis op den “Arrêt Clement”, an deem 2021 festgehale ginn ass, dass déi Deputéiert Accès zu all de Kontrakter hunn, déi d’Regierung ënnerschriwwen huet.

Ech menge jo guer net, dass eng Atombomm an deene Kontrakter zu de Covid-Impfstoffer ass”, sou den Deputéierten. Mee hien ass der Meenung, dass kéint géint den Artikel 99 vun der Verfassung verstouss gi sinn. Dëse seet, dass d’Regierung keng pluriannuell Engagementer kann agoen, ausser wann eng “Loi speciale” geholl ginn ass. Wéi soss kéint ee sech erklären, dass net géingen no an no bestallt ginn? Mee dass Vaccinen, déi scho bezuelt sinn, beim Hiersteller zerstéiert ginn, well kee Besoin méi do ass.

Nach bis 2024 solle laut enger parlamentarescher Fro Vaccine fir Lëtzebuerg geliwwert ginn, sou de Sven Clement. Dat wier jo e kloren Hiweis op Pluriannualitéit. Nom aktuelle Stand kéint een dovunner ausgoen, datt d’Base légale fir de Kontrakt fir d’Impfstoffer kéint feelen. An deem Fall hätt een och déi Millioune vun den zerstéierte Vaccine kënne spueren.

Wann et elo zu engem Prozess kënnt, wier et Verschwendung vu Steiergelder. “Lo gi mer Steiergelder aus, dass een Deel vum Staat deen aneren Deel vum Staat dozou opfuerdert, sech un d’Gesetz ze halen”, stellt de Sven Clement fest. Hie freet sech, wat een hei wéilt verstoppen. Well wann een hätt wéilten, wier bestëmmt och e Spezialgesetz an der Chamber gestëmmt ginn. De Konsens fir de Kaf vu Vaccine wier schliisslech grouss gewiescht.

De Sven Clement hat bei eisen englesche Kolleege vun RTL Today den 9. Februar an dëser Affär dëst ze soen:

Sven Clement suing government vaccines
Sven Clement suing government vaccines

Back to Top
CIM LOGO