De Klimawandel, d'Corona-Pandemie an d'Situatioun am Afghanistan ware bei enger Entrevue mam Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel nëmmen e puer vun de Sujeten, déi diskutéiert goufen. An enger gemeinsamer Pressekonferenz huet de Charles Michel e grousse Fokus op déi europäesch Valeure gesat.
Fridden, Stabilitéit, Fräiheet a Rechtsstaatlechkeet wieren déi europäesch Valeuren, déi nach méi promouvéiert misste ginn an dat iwwerall op der Welt.
"Dat, wat am Afghanistan geschitt ass, muss a mengen Aen e Moment vun der Kloerheet sinn, deen eis dozou bréngt, d'Aarbecht ze acceleréieren, fir eis geopolitesch a geostrategesch Capacitéiten eropzeschrauwen. A vläicht och Kooperatiounen a Koordinatiounen am Beräich vun der Defense eropzeschrauwen."
D'Wichtegkeet vum Rechtsstaat huet och de Premier Xavier Bettel ervirgehuewen.
"Mir kënnen Europa net op e gemeinsame Marché reduzéieren oder op e Finanzmarché oder e Marché commerciale. Europa ass och eng Unioun, wou d'Bierger eng Fräiheet hunn a Rechter an déi Rechter dierfen hautdesdaags net méi hannerfrot ginn."
Wärend der Aarbechtsvisitt hate béid Politiker awer och d'Geleeënheet, an d'Gebuertshaus vum Robert Schumann ze goen, wat fir de Charles Michel e ganz staarke Moment war.
"Ech mengen, wann et Defie ginn, wann de Géigewand heiansdo ganz staark ass, ass et wichteg, datt mer eis Féiss fest an der Geschicht verankert hunn an eis bewosst sinn iwwert eis gemeinsam Geschicht, fir zesumme sou gutt wéi méiglech an déi nämmlecht Richtung ze kucken."
A Punkto Klima missten elo Neel mat Käpp gemaach ginn, huet de Lëtzebuerger Premier betount. Den EU-Rotspresident huet sengersäits un déi zum Deel ganz schro Natur-Katastrophen dëse Summer uechtert Europa erënnert. Dat hätt sou munches erëm verdäitlecht.
"Datt déi Gefor keng theoretesch oder virtuell ass, mee eng reell. Eng Gefor, déi Familljen zerstéiert, d'Liewen op d'Kopp geheit. Do, wou déi natierlech Ressourcë benotzt oder souguer mëssbraucht goufen, gesi mer, datt mer haut en anere Modell musse bauen. D'Innovatioun, d'Recherche an de Courage wäerte Schlësselpunkte sinn, fir Obstakelen ze iwwerwannen."
De "Fit for 55" Pak vun der EU, mat deem d'Legislatioun a Punkto Klima, Energie an Transport iwwerschafft soll ginn, fir den ambitiéise Klimaziler fir 2030 an 2050 gerecht ze ginn, géif eng intensiv Aarbecht verlaangen. Den EU-Conseil géif säin Deel u Responsabilitéit an deem Kontext iwwerhuelen, fir datt Decisioune fir dëse ganz wichtege Sujet geholl ginn, huet de Charles Michel nach betount.