Laangfristeg kéinte méi wéi 100 nei Aarbechtsplazen entstoen. D’Firma, déi sech 1984 do implantéiert huet wou bis 1970 Monsanto war, beschäftegt scho méi wéi 800 Leit am Grand-Duché.
Euro-Composites stellt Hightech-Kombinatioune vu verschiddene Materialien hier. Haaptsächlech fir d'Loftfaart, mä och fir d’Bunn oder d‘Militär. Grouss Cliente sinn Airbus a Boeing, mee och d’US Arméi.
Euro-Composites leet d’Sue selwer op den Dësch. Déi staatlech Investitiounsbank SNCI begleet den Investitiounsprogramm deels mat Kreditter.
Nei Weeër
Deen neien Investitiounsprogramm vun 2020 bis 2030 gesäit nei Materialie vir wéi Keramik an Titan. Investéiert gëtt an nei Maschinnen a Gebaier. Dës sollen ënnert anerem der Weltraum-Ekonomie déngen.
Tatsächlech mengt de Generaldirekter a President vun Euro-Composites, de Rolf Mathias Alter, datt d’Loftfaartindustrie an dëse Joren den Héichpunkt erreeche wäert. Dofir misst een nei Weeër goen.
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet sech gefreet, datt d’Firma dee "Risk" ageet. Et géing och beweisen, datt d’Initiativ „Spaceressources“ net just fir Start-uppen interessant ass, mee och fir laang agesiessen Industriebetriber.
Ëmwelt
D’Entwécklung vun der Industrie, dat féiert des Ëfteren hei am Land zu Widderstand.
Et wier een immens Ëmwelt bewosst. An et hätt een e groussen Interêt, datt d’Ëmwelt an der Rei ass, oder gëtt, sou de Rolf Mathias Alter.
Den Etienne Schneider huet sengersäits gemengt: "kuckt eng Kéier hei ronderëm Iech (…) hei ginn héich qualitativ Aarbechtsplaze geschaf, Hightech-Produiten hiergestallt. Ech mengen een deen hei dogéint ass, dee fanne mir souguer net hei zu Lëtzebuerg."
… an Ëmfeld
Euro-Composites, dat ass eng SA, mä och d’Holding "Bornbet". D’Firma wier awer net wéinst Steiervirdeeler hei, verséchert de Rolf Mathias Alter. „Mir kënne net soen, datt et hei eng Sondervergütung gëtt“, sou de CEO an Chairman.
Wat een dem Rolf Mathias Alter no hei am Land hätt, dat wier „keng Terroristen (…) an da gëtt et wonnerbart Iessen, wonnerbar Wäiner“.
D’Liewe géing sech lounen an et géing Freed maachen, vu moies bis owes ze schaffen: „Owes ass ëmmer ee schéinen Owend z’erwaarden, nee?“