D’Berodungs-Lag gëtt ganz ënnerschiddlech ageschat, jee nodeem, ob d’Staaten direkt un der Ost-Front vun der EU leien, oder méi am Westen. E Kontext, an deem eng Fro sech besonnesch opdrängt: Wären déi 27 EU Member-Staaten am Stand, sech ouni d’Ënnerstëtzung vun der NATO ze verdeedegen? Wéi séier kënnen d’Europäer selwer oprëschten? November 1989. D’Berliner Mauer fält.
“Mir hunn all gehofft an och dru gegleeft, dat d’Zäit eriwwer wier, wou mer grouss Rëschtungs-Apparater brauche géifen. Dat mer um gudde Wee fir eng méi friddlech Welt wieren. Ma dat war eng Feelaschätzung”, sou de François Bausch. D’Realitéit haut, mat Bléck op Moskau, ass kloer eng ganz aner.
Europa misst et fäerdeg bréngen, eng eegestänneg Verdeedegungspolitik op d’Been ze stellen. Mam sougenannte ‘Strategesche-Kompass’ gëtt et eng theoretesch Grondlag. Elo geet et drëms, d’Nouten a Musek ëmzesetzen. Komplementar zur NATO, déi doduerch just gestäerkt géif.
Mam néidege politesche Wëlle kéint et séier goen. 800 Milliounen Euro huet d’Europäesch Kommissioun eleng deblockéiert, fir d’Europäesch Rëschtungs-Industrie kuerzfristeg z’ënnerstëtzen. Virop Frankräich an Däitschland ginn den Toun un. D’Kräfte misste méi effikass zesummegeluecht ginn, sou de Minister Bausch. 20 verschidde Panzer an Europa, géint ee Model an den USA - e Beispill, wat villes Resuméiert.
80 Betriber zu Lëtzebuerg sinn Zouliwwerer an der Recheleeschtung-Industrie. E rezenten Appell vun der Regierung, fir verstäerkt an der Fuerschung aktiv ze ginn, hätt e grousse Succès kannt.
Zanter dem Ukrain-Krich si Barrière gefall. Eleng wat den Image vun der Rëschtungsindustrie an Europa ubelaangt. 2021 louch den Ëmsaz bei 118 Milliarden Euro. 2022 ass deen eleng bei den däitsche vu Rheinmetall ëm 13 Prozent eropgaangen. De François Bausch gëtt ze bedenken, dat an Europa d’Verdeedegung op Wäerter baséiert: Demokratie, Mënscherechter, Rechtsstaatlechkeet. Wäerter, déi ee mat enger eegener Europäescher Defense verdeedege misst.