
Dat kritiséiert d’Plattform "Stopp TTIP & CETA" a stellt d’politesch Glafwierdegkeet a Fro. De sougenannten TTIP 2.0 steet der Plattform no am Widdersproch zu den Aussoen zum Klimaschutz.
An engem Schreiwes hate sech Lëtzebuerg, Frankräich a Spuenien dofir ausgeschwat, engem Fräihandelsaccord just zouzestëmmen, wa séchergestallt wier, datt d’USA och de Paräisser Klimaaccord géif respektéieren. Dat sollt als Basis fir all Fräihandelsaccord gëllen. Am Kader vun enger EU-Sëtzung vun de Landwirtschaftsministeren ass viru gutt enger Woch dunn allerdéngs genee de Contraire decidéiert ginn, betount d'Blanche Weber vun der Plattform "Stopp TTIP & CETA":
"Nämlech datt déi rout Linn net méi gëllt. Lëtzebuerg huet do, aus Grënn, déi mir net wëssen an net novollzéien, ech soen elo mol "De Schwanz bäigezunn" a sech op d'Säit vun de Klima-Géigner gestallt."
D'Klimaschutz- an d'Nohaltegkeetsziler gëllen deemno net méi als Viraussetzung vum Accord mat den USA. Wat eng ganz Partie Konsequenzen kéint hunn.
Bei wichtegen Decisioune sollen der Plattform no Vetrieder vun der Lëtzebuerger Regierung en explizit Mandat kréien. Donieft fuerdere si allgemeng méi Transparenz an de Prozesser vun der EU."Dat ass eng Viraussetzung, datt eng Regierung mat engem Mandat ka schwätzen an net ech weess net wie vertrëtt. An datt och den Interessi un der EU méi grouss gëtt. An och datt vläicht méi rietsextrem oder rietspopulistesch Tendenze kënnen opgefaange ginn."
D'Fräihandelsaccorde wieren en Thema, wat an de Leit hiren Alldag agräift an dofir wier et just normal, datt d'Parteien an d'Regierungen oppen an transparent doriwwer diskutéieren - och en Vue vun den Europawalen.
Am Kader vun de Fräihandelsaccorden huet den europäesche Geriichtshaff dës Woch decidéiert, datt spezial Rechter fir Konzerner erlaabt sinn. Eng Decisioun, déi een der Plattform "Stopp CETA&TTIP" no net acceptéieren dierf. Et kéint net sinn, datt grouss Entreprisë spezifesch Rechter kréien, fir gesellschaftlech verankert a vu Regierungen decidéiert Rechter a Fro ze stellen.