RTL-Presseclub vum 3. MäerzEuropalëschten a Bilan vun der CSV-DP-Ekipp waren d'Sujeten

Roy Grotz
Am Presseclub vun dëser Woch hu mer gekuckt, wéi sech d'CSV-DP-Ekipp bis ewell gemaach huet a wat d'Oppositioun deem entgéintzesetzen huet.
Presseclub vum 3. Mäerz
Am Presseclub vun dëser Woch hu mer gekuckt, wéi sech d’CSV-DP-Ekipp bis ewell gemaach huet a wat d’Oppositioun deem entgéint ze setzen huet.

Logements- a Landwirtschaftsdësch, d’Opstelle vum Staatsbudget, d’Vereinfache vun administrative Prozeduren, méi Netto vum Brutto - d’Regierung, déi de Wierder vum Premier no “mat Häerz a Verstand” agéiert huet, sech sou munches virgeholl - mee vill Dossiere gerode wéinst aneren Affäre quasi an de Vergiess.

Dat hu mer e Samschdeg am RTL-Presseclub gefrot, wou och d’EU- an d’Sozialwalen e Sujet waren.

Eis Invitéë waren

  • d’Annette Welsch aus dem WORT
  • de Christoph Bumb vum Online-Magasin Reporter
  • an den Armand Back aus dem Tageblatt

Am Presseclub vun dëser Woch hu mer gekuckt, wéi sech d’CSV-DP-Ekipp bis ewell gemaach huet a wat d’Oppositioun deem entgéintzesetzen huet.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d’Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den “Emissiounen” fannt.

Back to Top
CIM LOGO