De Vaccin vun AstraZenenca kann an engem normale Frigo gelagert ka ginn, wäert méi bëlleg si wéi d'RNA-Impfstoffer an dëst Joer solle ronn 3 Milliarden Dosen dovu produzéiert ginn. Dat huet den Infektiolog aus den Hôpitaux Robert Schuman Dr. Gérard Schockmel am RTL Interview betount.
De Pharmabetrib AstraZeneca huet jo dës Woch eng offiziell Demande bei der EU gestallt, dass hiren Impfstoff géint de Coronavirus kann zougelooss ginn. Elo muss déi europäesch Medikamentenagence de Produit nach préiwen a fir den europäesche Maart zouloossen.
Den Dr. Schockmel fënnt et ganz gutt datt den Dossier vun AstraZeneca agereecht gouf: "Et ass dee nämmlechten Dossier, deen se och a Groussbritannien an an Indien agereecht hunn. An deenen zwee Länner ass den AstraZeneca Impfstoff jo och schonn zougelooss. Si hunn och e "rolling review" bei der EMA, dat heescht d'EMA huet e schonn Donnéeë gesinn an evaluéiert. An dofir sinn se optimistesch, datt wann alles normal geet, ënner Ëmstänn schonn den 29. Januar kënne Bescheed ginn op se de Vaccin vun AstraZeneca kënnen zouloossen."
Ënnert wéi engem Prinzip de Vaccin vun AstraZeneca funktionéiert, wéi et a Punkto Sécherheet a Wierksamkeet ausgesäit a weider Froen beäntwert den Dr. Gérard Schockmel am RTL Interview.