Steieren an Affiliation socialeExceptiounen fir däitsch Frontalieren beim Homeoffice just nach bis Enn Juni

RTL Lëtzebuerg
D'Eenegung, déi Lëtzebuerg an Däitschland den 3. Abrëll 2020 getraff hunn, wäert Mëtt vun dësem Joer auslafen.
© AFP

Domadder ass dann den onkomplizéierten Homeoffice fir Frontalieren, deen extra wéinst der Pandemie agefouert gouf, eriwwer. E gouf nach vum leschte Mäerz bis de leschte Juni verlängert, dat awer mam Zousaz, datt en dono gekënnegt gëtt.

Dës Reegelung war jo an der Pandemie agefouert ginn, datt Salariéeën am Homeoffice konnte schaffen, ouni sech musse Gedanken iwwer steierlech Nodeeler ze maachen.

Vum 1. Juli u leeft dann nees déi sougenannte Bagatellreegelung, déi aner anerem seet, datt e Frontalier 19 Deeg am Homeoffice ka maachen, ouni déi steierlech mussen am Wunnland unzeginn. Fir 2022 kënnt hei awer nach dobäi, datt och Deeg, déi tëscht dem 1. Januar an dem 30. Juni 2022 am Homeoffice gemaach goufen, an dat net wéinst der Pandemie hätt misste sinn, an d’Rechnung mat erageholl ginn. Sollt also e Frontalier aus Däitschland an den éischte sechs Méint vum Joer 2022 19 Deeg Homeoffice gemaach hunn, déi net pandemie-bedéngt waren, esou huet dëse fir déi zweet Hallschent vum Joer keng Deeg méi zegutt, déi net mussen an Däitschland versteiert ginn.

Um selwechten Datum, also den 30. Juni 2022, leeft och den Accord iwwert d’Affiliatioun vun der Sécurité sociale of. Vun deem Ament u gëtt e Frontalier aus Däitschland, wann hie méi wéi 25 Prozent vun senger Aarbechtszäit, op ee Joer gekuckt, am Ausland (also net zu Lëtzebuerg) geschafft huet, net méi an d’Lëtzebuerger Sécurité sociale gezielt, mä gëtt an déi Däitsch iwwerschriwwen.

De Communiqué

Die Vereinbarung zwischen Luxemburg und Deutschland zur Telearbeit wird bis zum 30. Juni 2022 verlängert und endet danach (23.03.2022)

Released by : Ministerium der Finanzen

Die aufgrund der COVID-19-Pandemie zwischen Luxemburg und Deutschland geschlossene Vereinbarung zur Telearbeit wurde bis zum 30. Juni 2022 verlängert. Danach endet sie laut einem Beschluss der zuständigen Behörden. Die Vereinbarung sieht vor, dass die Arbeitstage, die Grenzgängern aufgrund der COVID-19-Maßnahmen im Home-Office verbringen, als in dem Vertragsstaat verbracht gelten, in dem die Grenzgänger ohne diese Maßnahmen gearbeitet hätten. Die Vereinbarung betrifft vor allem die rund 50.000 Pendler aus Deutschland, die in Luxemburg arbeiten.

Die Abkommen über die Besteuerung mit Frankreich und Belgien gelten ebenfalls bis zum 30. Juni 2022.

Mit Blick auf die Sozialversicherung gelten die Abkommen mit Belgien, Frankreich und Deutschland bis Ende Juni 2022.

Die Ministerin der Finanzen, Yuriko Backes, kommentiert: „Das ist eine gute Nachricht für die rund 50.000 deutschen Pendler, die vor allem aus Rheinland-Pfalz und dem Saarland zu uns kommen. Mein Dank gilt der deutschen Regierung, mit der wir in der COVID-Krise so gut zusammengearbeitet haben.“

LINK: D'Eenegung tëscht Däitschland a Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO