Franz FayotFage hätt keng Faveure kritt, esou de Wirtschaftsminister

Caroline Mart
Am Interview seet de Franz Fayot, hie kéint d’Suerge vun de Leit ganz gutt verstoen, wat den Impakt vun der geplangter Jughurtsfabrick op d’Ëmwelt ugeet.
Fage hätt keng Faveure kritt, esou de Wirtschaftsminister
Am Interview seet de Franz Fayot, hie kéint d’Suerge vun de Leit ganz gutt verstoen, wat den Impakt vun der geplangter Jughurtsfabrick op d’Ëmwelt ugeet.

De Staat bezilt effektiv fir d’Kanalisatiounen an aner Uschlëss fir d’geplangte Jughurtsfabrick vu Fage tëscht Beetebuerg an Diddeleng. Allerdéngs ass bei nationalen Industriezonen dat ëmmer esou. Dat äntwert de Wirtschaftsminister Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert a Schäffen zu Beetebuerg Josée Lorsché. Op d’Fro, ob hie kéint confirméieren, datt de Staat och d’Ëmwelt-Impakt Studien fir Fage bezuelt, äntwert de Minister par konter “Nee”.

Am RTL-Interview seet de Franz Fayot, hie kéint d’Suerge vun de Leit ganz gutt verstoen, wat den Impakt vun der geplangter Jughurtsfabrick op d’Ëmwelt ugeet. D’Diskussioun iwwert d’politesch Opportunitéit, also ob et eng gutt Iddi ass, datt Fage eng Fabrick hei am Land baut, déi war awer viru 4 Joer, esou den Nofollger vum Etienne Schneider. Den neie Wirtschaftsminister seet, wann hien haut nach eng Kéier misst iwwert eng Fabrick wéi Fage decidéieren, géing hie sech et ganz gutt duerch de Kapp goe loossen. Elo wier d‘Prozedur awer am Gaang an hien hätt sech net méi anzemëschen, well een an engem Rechtsstaat ass, esou de Franz Fayot.

Wat de Verkaf vum Terrain vum Staat u Fage virun 3 Joer ugeet, dat gëtt am Moment duerch de Rechnungshaff analyséiert. De Franz Fayot weess nach net a wéi eng Richtung déi Analys geet. De Wirtschaftsminister geet „awer einfach emol dovunner aus“, datt dat deemools mat den Ënnerschrëfte vum Wirtschafts- mä och Finanzministère „zu de Konditiounen vun der Stee geschitt ass“.

Avis CE Dossier

Back to Top
CIM LOGO