
D'Autorisatiouns-Prozeduren fir d'Néierloosse vun der Firma Fage si laang nach net ofgeschloss. An och déi läscht europäesch Etüd, wat den Impakt op d'Ëmwelt ugeet, déi dem Beetebuerger Schäfferot en Dënschdeg virgestallt gouf, schaaft déi grondsätzlech Bedenken vun de lokalen Autoritéiten net aus dem Wee.
Déi europäesch Etüd stellt zum Beispill fest, datt duerch Fage den Trafic eropgeet. Dat wousst d'Gemeng och scho virdrun - an hirer Resolutioun vun zejoert- wou se d'Regierung opgefuerdert hat, de Site vum Projet nei ze iwwerdenken - geet se vun engem Plus vu 15 Prozent aus. An enger Gemeng, déi souwisou scho mat Trafic verbarrikadéiert ass.
Am Viséier steet den enorme Waasserverbrauch vun der Jughurtsfabréck, vergläichbar mat deem vun enger Uertschaft mat 20 000 Awunner. Waasser, dat de Bau vun enger zousätzlecher Kläranlag géif erfuerderen. Dat nees géif de Waasserpräis fir d'Awunner an d'Luucht dreiwen.
Den Terrain an der Nationaler Industriezon Wolser, deen huet Fage schonn zanter 2016. 15 Hektar fir de Präis vun 2 Milliounen den Hektar, huet de griichesche Konzern dem Staat bezuelt.
Fage huet also gutt Kaarte beim Staat. Dee fuerdert d'Gemeng elo op, Terrain als Kompensatiounsmoossnam fir de Bau vun der Fabréck ëmzeklasséieren. Dat awer kéint esoubal nach net gemaach ginn, seet de Buergermeeschter, well de PAG nach net fäerdeg ass, an da kënnt de plan sectoriel an esou virun. D'Diere fir de Jughurt zu Beetebuerg sinn deemno nach ëmmer zou.
Zanter 2012 huet Fage International säi Sëtz zu Lëtzebuerg. Entgéint deem wat de Wirtschaftsministère behaapt hat, huet d’Firma zanter hir net 50 Milliounen Euro u Steieren hei bezuelt, mä just 450.000 Euro.