Wilwerdang - WämperhaartFahrerflucht am Norden: Wäiss Camionnette gesicht

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moie géint 10.30 Auer koum et zu engem Accident tëscht enger Camionnette an engem Auto.

Eng Automobilistin huet op der Héicht vum Rondpoint, kuerz virun der belscher Grenz, wéinst engem Camion, dee virun hir gefuer ass, missten ofbremsen. De Chauffer vun der wäisser Camionnette huet dat ze spéit gesinn an ass an den Auto gerannt. No der Kollisioun huet hien de Réckgang agemaach an ass an déi falsch Richtung duerch de Rondpoint an eng onbekannte Richtung fortgefuer.

D'Police sicht elo no der wäisser Camionnette. Zeien, déi eppes gesinn oder Informatiounen zu der wäisser Camionnette hunn, solle sech bei der Police vun Ëlwen um 24487-1000 mellen.

Back to Top
CIM LOGO