Ënnert AlkoholaflossFahrerflucht no Accident, Verletzung no Attack mat Fläsch

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend sinn eng Fahrerflucht zu Péiteng an eng Kierperverletzung zu Weimeschkierch gemellt ginn. An deenen zwee Fäll war Alkohol am Spill.
© RTL

Kuerz no 21 Auer e Mëttwoch den Owend ass der Police eng Fahrerflucht zu Péiteng gemellt ginn. Een Automobilist war an e Potto gerannt an huet sech doropshin duerch d'Bascht gemaach. De Chauffer konnt zu Reckeng op der Mess ermëttelt ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Eng Enquête ass lancéiert ginn.

Zu Weimeschkierch ass kuerz viru Mëtternuecht eng blesséiert Persoun no enger Ausernanersetzung gemellt ginn. Béid Persoune konnten an der Rue du Kirchberg ugetraff ginn a si fir eng Behandlung an d'Spidol komm. Den Ermëttlungen no hätte sech déi zwee staark Alkoholiséierter no engem Sträit mat enger gliese Fläsch géigesäiteg blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO