
Den Ëmsaz vun de Produkter, déi vun de verschiddene Partner vun der ONG Fairtrade produzéiert ginn, louch zejoert bei 39 Milliounen €. Dat ass eng Hausse vu 15 % géigeniwwer 2021.
Um Lëtzebuerger Marché ginn et entretemps 181 Marken, déi Produiten aus fairem Handel ubidden. Ervirzehiewen ass och, datt antëscht 25 Lëtzebuerger Acteure fair a lokal Produkter ubidden. Insgesamt fënnt ee 4.615 Produkter aus dem fairen Handel an de Lëtzebuerger Geschäfter.
Déi gréisst Fairtrade-Filièren hei am Land sinn d’Bananne mat 2.000 Tonnen, de Kakao mat 640 Tonnen an de Kaffi mat 510 Tonnen d’Joer. Ausserdeem gi pro Joer 111.000 Liter fair gehandelt Juse verkaf.
Éischter lues entwéckelt sech de Fair Trade beim Handel. Dat well nëmme wéineg Marken esou Kleeder verkafen. Och d’Vente vu fair-gehandelte Rouse geet zanter der Pandemie erof. Eng Baisse vun knapp engem Zéngtel gëtt et beim fairen Zocker, notamment well mat enger Gamme vu Gebees opgehale gouf.
Ënnert dem Motto “Haut handelen fir eng équitabel Zukunft vu muer” ass FairTrade-Lëtzebuerg zanter Joerzéngten am gerechten Handel aktiv. Weltwäit kréien eng 1,9 Milliounen Produzenten, déi a 70 Länner fir Fairtrade-Labelen schaffen, eng 217 Milliounen € u Primmen iwwerwisen.