
An deem Artikel geet Rieds vun engem imaginären Interview mam Premier am RTL-Journal, an deem de Xavier Bettel wéi an enger Krypto-Wärung-Reklamm geschwat hätt. D’Diffusioun wier da vun der Zentralbank verhënnert ginn (!).
Genee sou fräi erfonnt geet et da weider: Ee schlecht vun de BitCoin-Brigange gefälschten Tweet an ee fiktiven “exklusiven Interview” vum Staatsminister, deen natierlech weider Richtung Krypto-Versprieche geet.
Oppassen also, wann Dir dës Bedruchsmasch op Instagram begéint.